Invité vun der Redaktioun (8. Juni)Stéphanie Zimmer iwwer Soja aus Lëtzebuerg

Pit Everling
Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moie war d'Directrice vum Institut fir organesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg (IBLA).
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Stéphanie Zimmer
Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moie war d'Directrice vum Institut fir organesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg (IBLA).

„Soja made in Luxembourg“, dat ass d'Zil vum Fuerschungsprojet „LeguTec“.

Soja spillt wéinst dem Eewäiss-Gehalt ënnert anerem beim Déierefudder eng Roll.

Europa an och Lëtzebuerg sinn awer ofhängeg vun Importer, wat Riske matsechbréngt. Do ass zum Beispill dee vu genmanipuléierter Wuer, esou seet et d'Dokter Stéphanie Zimmer, d'Directrice vum Institut fir organesch Landwirtschaft.

"LeguTec" ass e Fuerschungsprojet vum IBLA an der Akerbauschoul. Ënnerstëtzung kënnt och vun zwou Entreprisen.

Op 3 Biohäff am Land gëtt um Freideg de Mëtteg Soja ugebaut.

Extrait Stéphanie Zimmer

Och d'Weiderveraarbechtung vum Soja wier an Europa nach net verbreet genuch, seet d'Stéphanie Zimmer, fir déi den Ubau vu Soja an eise Breetegraden awer Potential huet.

De Projet gëtt an der Haaptsaach vum Landwirtschaftsministère an der Oeuvre Grande-duchesse Charlotte finanzéiert

Am Hierscht ginn d'Bounen zeideg.

Invitée vun der Redaktioun e Freideg de Moie war d'Directrice vum Institut fir organesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg (IBLA).

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
PDF: Info-Flyer.
Back to Top
CIM LOGO