
Den 42 Joer alen Zweete Schäffe vu Munneref war do am Oktober mat 2,74 Promill Alkohol am Blutt ugehale ginn. Zu där Kontroll war et zwee Deeg virun de Chamberwale komm, an déi hie jo als Kandidat fir déi Gréng gaange war.
Säi Client hätt der Ekipp mat engem Patt zu Altwis fir d'Walcampagne Merci gesot an dobäi ee Ricard gedronk, huet de Me Metzler, Affekot vum Steve Schleck, um Freideg erkläert. Soss hätt säi Mandant näischt consomméiert. 500 Meter nom Café wär deen dunn an déi Alkoholkontroll geroden. D'Faiten, zu deenen et no enger politescher Reunioun an der Walcampagne koum, wären net kontestéiert. De Gemengepolitiker hätt dann och ni eppes verstoppt a bestridden. De Mann mam eidele Casier, deen dann och nach ni eng Affär mat Alkohol um Steier hat, bräicht säi Führerschäin, fir op Chantieren an a politesch Reuniounen ze fueren, sou de Me Metzler.
De Steve Schleck hätt säin déift Bedaueren zum Ausdrock bruecht, wat dës Affär ugeet, an hien hätt seng Lektioun geléiert. Säi Client hätt de Permis deemools och ofgeholl an am Januar elo zréckkritt. Et hätt deemno schonn e Fuerverbuet vun 3 Méint ginn, wat genuch Strof wär, soudass alles, wat elo nach kéim, mat Sursis sollt sinn, huet den Affekot gemengt. Woubäi sech bei sou engem weidere Fuerverbuet d'Fro stelle géif, ob och d'Trajeten am politesche Kontext dorënner falen. Den Eelste vun de Schleck-Bridder huet e Freideg de Moien net vill gesot, ausser dass hie säi Führerschäin de leschte Mount eben zréckkrut an dee bräicht, wéinst sengem politeschen Engagement a fir d'Kanner hin an hir ze féieren.
Fir d'Vertriederin vum Parquet wär et mat deem Alkoholtaux éischter onwahrscheinlech, dass de Beschëllegte just ee Glas Wäin an e Ricard gedronk hätt. D'Infraktioun vum Fueren ënner Alkoholafloss wär allzäit zréckzebehalen. Dofir sollten e Fuerverbuet vun 28 Méint, mat méiglechem deelweis Sursis, respektiv mat engem fir d'Trajeten am Zesummenhank mat sengem Beruff an eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.
D'Uerteel ass fir den 19. Februar.