Diane Dhur"Stierwen an den Doud wäerten ëmmer e schwieregt Thema bleiwen"

Carine Lemmer
Stierwen, Doud an Trauer sinn Tabuthemen. Do spillt vill Perséinleches mat eran, datt et ëmmer e schwieregt Thema bleift, seet d’Presidentin vun Omega 90.

“Stierwen an den Doud wäerten ëmmer e schwieregt Thema bleiwen” / Carine Lemmer

D’ASBL begleet an hëlleft de Leit un hirem Liewensenn, mécht och Trauerbegleedung an huet de Bilan vum leschte Joer presentéiert. Iwwer 4'400 Berodungsgespréicher hat een zejoert. Ronn 1'100 Leit goufe psychologesch vun Omega 90 begleet. Knapp 300 dovunner ware Kanner a Jugendlecher.

130 Patienten 2022 am Haus Omega

Am Haus Omega zu Hamm, eng palliativ Betreiungsstruktur fir schwéier krank a stierwend Mënschen, huet ee sech zejoert ëm 130 Patiente bekëmmert. 33 Deeg laang waren se an der Moyenne bei eis, sou d’Nicole Weis, Direktesch vun Omega 90. 15 Zëmmeren huet d’Haus Omega. Dat géif duer goen. Et kéint ee villäicht net direkt ogeholl ginn, mä 3 Méint waarde misst een och net. Et ass en oppent Haus fir Frënn a Famill, wou een och iwwer Nuecht bleiwe kann. Am beschte stierft een doheem, do wou ee lieft, seet d’Nicole Weis. An déi meescht Leit géifen sech dat och wënschen. Am Haus Omega sinn net onbedéngt al Leit, mä si hunn dacks 40, 50 Joer, si kriibskrank. Eeler Leit kéinten och dacks gutt am Altersheem oder gutt versuergt doheem stierwen, do hätt sech vill gedoen.

Benevolat ass e wichtegt Standbeen

62 Salariée schaffe bei Omega 90. An nach méi Benevoller, 73 waren et zejoert. D’Benevolat ass e wichtegt Standbeen vun Omega 90, ënnersträicht d’Presidentin Diane Dhur. Et kann een och net vun engem Dag op den aneren Benevole ginn. Et gëtt eng Formatioun vun 140 Stonnen, déi ee Joer laang dauert a wou een och e Stage mécht, fir dono da Stierfbegleedung kënnen ze maachen an zum Beispill a Spideeler oder Altersheemer ze goen.

Stierwen an den Doud géifen ëmmer e schwieregt Theme bleiwen, seet d’Diane Dhur:

«Ech hu selwer och déi Ausbildung gemaach als Benevole a Stierfbegleedung gemaach. A wéi ech selwer an engem groussen Trauerfall war, sot eng Frëndin: Bei dir ass dat jo kee Problem. Du gëss jo eens, du weess jo wéi et geet. Mä et geet net duer ze wëssen, et huet guer näischt mat wëssen ze dinn. Trauer ass eppes, dat ee muss duerchliewen a wat schmerzhaft ass. Alles, wat wéi deet, do wëlle mer eis e bëssen dervun ewech halen. Dofir ass et natierlech, datt dat en Tabuthema ass. Et muss een einfach present sinn an de Leit Méiglechkeeten ubidden, datt se sech kënnen domadder ausernee setzen.»

D’Ausgabe vun Omega 90 louchen 2022 bei ronn 7,3 Milliounen Euro. 11% dovunner – iwwer 800'000 Euro – goufen iwwer Donen bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO