
Op engem grousse Plakat stoungen d’Nonimm vum Premier Luc Frieden a vum Ausseminister Xavier Bettel. D’Kanner vu Gaza géife si opfuerderen, de “Genozid” ze stoppen. D’Mara Stieber war eng vun den Demonstrantinnen, dono gefrot, wéi si d’Positioun vu Lëtzebuerg an deem Konflikt bis elo bewäert, war et dës Ausso.
“Et muss ee soen, datt et einfach net duergaangen ass, vun der Positioun vu Lëtzebuerg. Et ass natierlech an enger gewësser Weis gutt, neutral ze bleiwen a sech dat mol unzekucken. A lo soe mer, un dësem Punkt ass et ganz kloer, datt eng zivil Bevëlkerung bombardéiert gëtt zanter Méint an dat kann een net einfach nokucken, ouni eppes ze maachen.”
Südafrika hätt de Courage, déi israeelesch “Verbriechen” ze condamnéieren a Plainte um internationale Geriichtshaff zu Den Haag ze maachen. Lëtzebuerg sollt sech dëser Positioun uschléissen. Et wier een awer net anti-Israel an et géing een och net d’Verbrieche vun der Hamas relativéieren.
“Ech mengen, wann et lo ëm d’Attentater vum 7. Oktober geet, muss ee ganz kloer soen, datt all Attentat op eng zivil Bevëlkerung net geet. Egal, ob et géint déi palästinensesch oder déi israeelesch Zivilpopulatioun geet, dat ass inakzeptabel.”
Aner Fuerderunge vum Kollektiv vun Eenzelpersoune waren, datt humanitär Hëllef an d’Gazasträif gelooss gëtt an déi international Presse eragelooss gëtt.