Gemeng BauscheltSträit ëm Baugeneemegung - Mann kritt um Verwaltungsgeriicht Recht

RTL Lëtzebuerg
A sengem juristesche Sträit mat der Gemeng vu Bauschelt ëm eng Baugeneemegung huet e Mann um Verwaltungsgeriicht an 1. Instanz Recht kritt.

Den Tribunal administratif huet säi Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst Decisioune vu Juli an August 2017 annuléiert, well d'Autoritéit, déi se geholl huet, dofir net kompetent war. Den Dossier muss zréck bei de Buergermeeschter an d'Gemeng fir d'Fraisen opkommen.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

Am Abrëll 2014 hat de Mann de Buergermeeschter gefrot, fir op sengem Terrain en oppene Virdaach bauen ze kënnen. De Gemengepapp war där Demande am Juli 2014 nokomm, hat awer Konditioune fir d'Geneemegung virgesinn. Am Juli 2017 hat de Mann gefrot, fir eng Veranda am Aluminium bauen ze däerfen, de Schäfferot hat nach deeselwechte Mount "Nee" dozou gesot, well et net genuch Ofstand zu de Limitte vum Terrain géif ginn. Déi zwou Parteien hate sech am August 2017 gesinn, ma de Schäfferot hat dem Mann 3 Wochen drop matgedeelt, dass e bei senger Decisioun bleiwe géif. De Mann hat dunn am September 2017 gefrot, fir eng Pergola installéieren ze kënnen. Am Oktober 2017 hat hien d'Autorisatioun dofir kritt. Am November 2017 war de Mann op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir d'Decisiounen a Saache Veranda annuléiert ze kréien.

Am Verlaf vun der Prozedur hat den Tribunal administratif d'Fro opgeworf iwwert d'Kompetenz vun der Autoritéit, déi déi entspriechend Decisioune geholl hat. An hirem Uerteel halen d'Riichter fest, dass dem Gesetz vun 2004 iwwert den "Aménagement du territoire" no de Buergermeeschter Baugeneemegungen ze ginn huet. De Gemengepapp wär also d'"Autorité compétente", fir d'Konformitéit vun engem Bauprojet ze iwwerpréiwen. Wuel wären d'Decisiounen an dësem Fall vum Buergermeeschter ënnerschriwwe ginn; de Gemengepapp hätt dat awer net a sengem Numm gemaach, mä an deem vum Schäfferot.

Well se vun enger Autoritéit geholl goufen, déi dofir net kompetent war, wären d'Decisioune vu Juli an August 2017 ze annuléieren, sou d'Riichter. De Mann an d'Gemeng hätten allebéid keng "Indemnité de procédure" vun 3.000 Euro zegutt.

Back to Top
CIM LOGO