No Glëtz, Äis a SchnéiStreesalz op ville Plazen ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
Mir hu bei verschiddene Geschäfter, Grande-surfacen, ma och bei Ponts et Chaussées nogefrot, wéi et aktuell punkto Disponibilitéit vum Streesalz steet.

A ville Geschäfter virleefeg ausverkaaft

Bal iwwerall do, wou mer nogefrot hunn, ob dat elo am Süden, Zentrum, Osten, Westen oder Norden war, koum quasi ëmmer déi selwecht Äntwert: “Aktuell hu mer keen do.” A vereenzelte Geschäfter ass awer nach Streesalz ze kréien, ma et ass am Virfeld wuel besser, wann ee sech ëmfreet, éier een ëmsoss an de Buttek fiert. Op verschiddene Plaze war et nach d’Zousazinformatioun, datt een es awer deemnächst sollt nokréien.

Stroossen am Grand-Duché bleiwe weider fräi

RTL huet och Ponts et Chaussées kontaktéiert, fir ze wëssen, wéi et mat hire Reserve géif ausgesinn. Aktuell huet een nach ronn 5.400 Tonnen an den Depoten, wat nach fir eng Zäit géif duergoen. Sollten déi opgebraucht an net méi restockéiert ginn, hätt een nach ëmmer eng weider Reserv, huet d’Administratioun eis confirméiert.

Administratioun net Schold u Manktem a Geschäfter

D’Rumeur, datt Ponts et Chaussées d’Stocke vu Grande-surfacen huet missten opkafen, huet den Direkter vun der Administratioun eis mat engem laachenden “Nee” beäntwert.

Back to Top
CIM LOGO