Dat sot d'Me Valérie Dupong, déi nei Bâtonnière, am spéide Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz an der Maison de l'Avocat an der Stad. Dobäi hätten duerch de COVID-19 wuel Affekoten demissionéiert:
„...déi déi Insecuritéit net méi verdroen! Well v.a. als Fräiberuffler hutt Der keng Securitéit, Dir hänkt dovun of, ob Der Clienten hutt oder net! An ech mengen, dat huet Verschiddener decouragéiert, vläicht, déi méi jonk waren oder déi eleng geschafft hunn. Ech mengen awer och, dass jonk Juristen, déi hir Formatioun fäerdeg hunn an am Fong e Stage gesicht hunn, e Patron de stage, dass déi méi Schwieregkeeten haten, fir der ze fannen, well och d'Etüden e bësse méi, och, zécken, fir Leit anzestellen, wa se selwer keng Visibilitéit iwwer hir Finanzen an deenen nächste Méint hunn!“
De Moment sinn um Barreau iwwregens eppes méi wéi 3.000 Affekote vu 44 Nationalitéiten ageschriwwen.
Si ass eréischt déi 6. Bâtonnière vun, bis elo, 67 Chefe vum Stater Barreau: d'Me Valérie Dupong, déi hir Prioritéite fir déi nächst zwee Joer presentéiert huet. Dozou gehéieren d'Promotioun an de Schutz, d'Progressioun an d'Modernisatioun vum Beruff, d'Assistance an de Service an d'Proximitéit.
Dat lescht Joer war ë.a. markéiert vun eppes méi wéi 150 Disziplinaraffären. Wuel wär d'Zuel vu sou Disziplinaraffäre géint Affekoten an der Hausse, ma et géif och ronn 10mol souvill Affekote gi wéi dunn, wéi si ugefaangen huet, sou déi nei Bâtonnière. Fir déi eng 150 Disziplinaraffären der net souvill wären, bei 20mol souvill Affekoten; déi meescht géife sech deemno un d'Reegele vum Beruff halen.
Fir hiert Mandat un der Spëtzt vum Stater Barreau huet sech d'Me Valérie Dupong vill Prioritéiten op de Fändel geschriwwen, vun deene si der de Moien zwou ervirgehuewen huet:
„Déi éischt ass, dass mer eis och konzentréieren op déi jonk Affekoten, hir Besoinen, fir hinnen ze hëllefen, och d'Entrée an de Beruff ze verbesseren. Déi aner Prioritéit ass, och deenen Affekoten, déi a Schwieregkeete sinn - dat kënne finanziell Schwieregkeete sinn, dat kann awer och eng Détresse psychologique sinn, Burn-out, Leit, déi harceléiert sinn, och bei den Affekote ginn et där -, eng Hand ze reechen, eng Écoute ze ginn, fir deene weider ze hëllefen.“
Soudass een duerch eng fréizäiteg Hëllef e Problem verhënnere kéint. D'Bâtonnière wëll sech awer och - „natierlech“, wéi si sot - fir d'Cause vun de Fraen am Beruff asetzen:
„Fraen a mengem Beruff hunn et net ëmmer sou einfach, well et ass extra, fir de Beruff, dat doheem asw. ze conciliéieren. Ech selwer hunn och 4 Kanner, hunn eng Famill, hunn eng Etüd, si lo Bâtonnière, an ech weess, wat dat heescht!“
Eppes méi wéi 3.000 Affekote wären der net zevill, fënnt d'Me Valérie Dupong, well et géifen der nach ëmmer gebraucht ginn.
Wat déi aktuell COVID-19-Situatioun ugeet, hofft déi nei Bâtonnière, dass d'Geriichter net zoumaachen, well méi kleng Etüden oder Affekoten, déi eleng schaffen, dat vläicht net iwwerliewe géifen. Och well Videoverhandlungen um Geriicht nach net virgesi wären.
