Neijoerschpatt ACELStudente freeë sech op haart Aarbecht, Kappzerbrieches a wéineg Schlof

Dany Rasqué
"Immens ambitiéis, intressant, intensiv a politesch gelueden", beschreift d'Associatioun vun de Studentecerclen dat leschte Joer. D'ACEL hat e Freideg den Owend op d'Uni invitéiert fir do bei engem Patt op dëst Joer ze prosten.
D'ACEL huet 2026 vill wëlles
D’ACEL huet 2026 vill wëlles
© Domingos Oliveira - rtl.lu

Neijoerschpatt vun der ACEL

Méi roueg dierft 2026 net ginn, mee dat dierft awer net esou schlëmm sinn, well deen neie President Mathis Noël huet verséchert, datt ee sech freet op haart Aarbecht, Kappzerbrieches a vill Stonnen ouni Schlof, mä dat wier an der ACEL souwisou Usus.

Dëst Joer wëll d’Associatioun vun de Studentecerclë sech mam Logement vun deene Jonken zu Lëtzebuerg an am Ausland beschäftegen, an et ass déi 40st Studentefoire. Do gouf et jo d’lescht Joer eng Meenungsverschiddenheet mat der Héichschoulministesch Stéphanie Obertin, well d’Studenten net wollten um Site vun der Uni bleiwen, mä déi Problemer sinn aus der Welt geschaaft, wéi d’Studenten an och DP-Politikerin nach emol verséchert hunn.

“Mir kommen op de Kierchbierg. Et bleiwen nach Detailer ze klären. Mir kënnen nach net soe wéi e Site, datt et ass, well et ass nach net ganz decidéiert, mä d’ACEL ass agebonnen a mir stellen do e ganz flotte Projet op d’Been. Dofir Villmools Merci fir dësen Austausch, dee mer elo gutt kënne weider féieren.”

En aneren Dossier, un deem d’ACEL an d’Héichschoulministesch zejoert geschafft hunn, ass dat neit Gesetz iwwert d’Aide financière. D’Studente freeë sech, datt dat elo um Instanzewee ass.

“Domadder gi laang Fuerderungen vun enger ACEL, wéi eng trimestriell Indexéierung vun der Aide financière, eng méi niddereg Deckelung vum Prêt an nach weider vill Saachen ëmgesat, wat eng reell finanziell Verbesserung fir all Studentin an all Student mat sech bréngt.”

D’ACEL hat zejoert och vill Kontakt mat der Ministesch vun der Securité sociale, dofir war och déi chrëschtlech-sozial Martine Deprez op der d’Nejoerschreceptioun. D’Pensiounsreform huet d’lescht Joer nämlech och déi Jonk beschäftegt an de Mathis Noël sot, et wiere vill Entrevue gewiescht. Mam zoustännege Ministère, mä och mat Experten, Gewerkschaften, Patronen a politesche Parteien.

“Wat eis Freed gemeet huet, dat ass datt mir an déi Jonk an de Prozess matagebonne goufen, mä mir hätten eis gewënscht, awer trotzdeem Deel vun de Sozialronnen ze sinn. Mir fuerderen dofir, datt mir an Zukunft bei esou Diskussioune mat um Dësch sëtzen, fir deene Jonken hir rechtméisseg Stëmm kënnen ze vertrieden.”

Eng Fuerderung déi d’Martine Deprez an d’Stéphanie Obertin méi wéi sécher gäre viru ginn.

Nieft der viller Aarbecht, déi d’ACEL viru sech huet, ginn et awer och eng Rei méi spaasseg Evenementer. Dozou gehéieren zum Beispill d’REEL zu Oochen an de Studentebal zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO