
E Méindeg huet och de Beschëllegte selwer ausgesot. Hien huet dobäi erkläert, et géif him fierchterlech leeddoen, wat geschitt wär, an hie wéilt sech an aller Form fir dat entschëllegen, wat d'Kanner net verdingt hätten. Hie kéint dat net réckgängeg maachen, dofir awer schwieren, dass dat net méi virkomme géif.
"Sidd Der Iech bewosst, dass Der e Problem hutt?", wollt d'Presidentin vum Geriicht vum Mann wëssen. "Et muss e Problem do sinn, dass ech d'Situatioun ausgenotzt hunn!", war seng Äntwert dorop. Et hätt hie gereizt, fir déi Kanner eng Kéier, Zitat, "ganz ze gesinn"; hien hätt se gefilmt, dat gekuckt, et awer kuerz drop geläscht, well et hien nëmme minimal intresséiert hätt. "Déi plakeg Biller hu mech kal gelooss!", sou den Ex-Enseignant, deen och sot, Zitat, "leider aus dem Beruff erausgeholl ginn" ze sinn. Dat wär seng Leidenschaft gewiescht, hien hätt dat gär gemaach, ma hien hätt dat elo leider net méi. D'Kanner hätte sech och bei him wuelgefillt a Freed gehat, fir bei hien ze kommen; hien hätt kee Kand am Intimberäich ugepak, wär awer interesséiert gewiescht un der Entwécklung vun hirer Broscht a vun hirem Genitalberäich. Enn 2015 hätt hie sech gesot: "Dat do war fir d'lescht!"; zanterhier hätt hien nees a sou Situatioune komme kënnen, mä et wär einfach keen Drang do. "Huet dee sech dann opgeléist?", huet d'Riichterin gefrot: "Mat all deem, wat ech matgemaach hunn, sinn ech geheelt! Am Prisong krut ech gesot, ech wär e Kannerschänner: Dat war brutal, ganz schlëmm!", huet hie geäntwert. Vun, Zitat, "4 grave Feeler, vun 2007 bis 2015" huet de Mann geschwat, bei déi d'Vertriederin vum Parquet ee vun 2003 bäigefléckt huet: Dat wär aus purer Dommheet geschitt, a säin Drang hätt ugefaangen, well hien op eemol eng Kamera hat, sot de Mann um Enn.
Well hien nach ëmmer net héieren hätt, dass sech de fréiere Schoulmeeschter sexuell ugezu gefillt hätt, wär nach e Stéck ze goen, huet e Psychiater gemengt. Deen och d'Vue vu sengem Homolog, bei deem de Mann a Behandlung ass, net gedeelt huet, wat d'Empathie vum Ugekloten ugeet. De behandelnde Psychiater huet och eng Entwécklung beim Mann erkannt, déi nach kéint weidergoen. Do virdrun haten d'Me Anne-Marie Schmit an d'Me Gana-Moudache, als Affekotinne vun am Ganze 5 Partie-civillen, fir déi zesumme 57.500 € Schuedenersatz gefrot.
De Prozess dierft en Dënschdeg de Mëtten op en Enn kommen.