Lëtzebuerger Politiker reagéieren op Ukrain-KrisSven Clement: Dass China sech eraushält, ass geopolitesch geféierlech Aschätzung

Claudia Kollwelter
De russesche President huet déi selwer ernannte Volleksrepublicken Donezk a Luhansk als onofhängeg unerkannt an en Truppenamarsch ordonéiert.
Lëtzebuerger Politiker reagéieren op Ukrain-Kris
Mir hu mam Claude Wiseler (CSV), Sven Clement (Piraten), Nathalie Oberweis (Déi Lénk) a Fernand Kartheiser (ADR) geschwat.

E Mëttwoch de Moien huet sech dann och déi aussepolitesch Kommissioun an der Chamber mat der Ukrain-Kris beschäftegt, wou den Ausseminister Jean Asselborn den Deputéierten nach eemol per Videokonferenz d’Sanktiounslogik vun der EU erkläert huet.

D’CSV begréisst d’Sanktiounen. Et wier Zäit, fir Unanimitéit an Europa an och zu Lëtzebuerg, sou de Claude Wiseler.

“Mir stinn hannert de Sanktiounen, déi decidéiert goufen an dëser Etapp an och wann der mussen an der nächster Etapp kommen. Esou eppes wéi geschitt ass, kann een net duerchloossen. Ech wëll nach hannendru soen, dass et fir mech awer och d’Scheitere vum diplomatesch Wee ass. Et si vill Efforte gemaach gi vun Dialog an de leschte Wochen a Méint an déi si gescheitert. An ech hunn et extrem zynesch fonnt, wéi den Här Putin d’Staats- a Regierungscheffen defiléiere gelooss huet an am Fong se deelweis wéi Marionetten traitéiert huet. Well hie wousst ganz genau wat hie wéilt maachen an huet déi Dialogen an diplomatesch Efforte genotzt, fir Zäit ze gewannen. Ech hunn dat am Fong schrecklech fonnt a froen mech, wéi een an souee Regime an Zukunft ka Vertrauen hunn, dat ass bal onméiglech.”

Fir de Pirat Sven Clement sinn d’Sanktioune proportionéiert a richteg. Wat wichteg wier, wier, dass se déi Leit treffen, déi och responsabel fir dës Invasioun an d’Ukrain sinn.

“Dat muss also sou wäit goen, dass se net méi an d’Alpe Schi fuere ginn, net méi op d’Champs-Elysées fir hir Frae kënnen eng Posch kafe goen an och net kënnen zu Mailand e Kaffi op der Terrasse drénken. Dat mengen ech, gëtt zum Deel erreecht mat dëse Sanktiounen. Et ass nach Loft no uewen. D’EU huet jo och schonn annoncéiert, dass se u weidere Sanktiounsmossnaame schaffen. Et muss een natierlech nach e Feil am Köcher hale fir den Ament, wou d’Russe géingen iwwer d’Kontaktlinn erausgoen. Dat schéngt mer also logesch, dass a 24 Stonnen net méi ka gemaach ginn. Wat awer fir mech bedenklech ass, ass dass China bei dësem Sanktiounspak komplett virun der Dier steet an och kloer gesot huet, si géingen net matmaachen, dat wier de falsche Wee. Dat ass eng Aschätzung, déi ech geopolitesch fir ganz geféierlech halen.”

D’Russe géingen mat all Sanktiounspak vun der EU nach méi an d’Äerm vu China gedriwwe ginn an dat wier souwisou schonn eng Relatioun, déi géing Suerge maachen, sou de Pirat Sven Clement.

An den Ae vun der ADR wieren d’EU an d’Nato den Ament derbäi sech an eng Sakgaass ze manövréieren. Et wier ze einfach, Russland eleng d’Schold ze ginn an et misst ee weiderhin op Diplomatie setzen. Donieft misst ee sech froen op eis d’Sanktiounen eis net méi schuede wéi de Russen, sou de Fernand Kartheiser no der aussepolitesch Kommissioun an der Chamber.

“Et ass ze einfach fir Russland eleng d’Schold un deenen Entwécklungen ze ginn, déi mer elo gesinn. Dat ass mol dat alleréischt. Mir hunn an de leschte Jore ganz vill Feeler gemaach op deenen zwou Säiten a mir sinn am Gaang eis e bëssen an eng Krichsrhetorik eranzerieden an dat ass e Modell, dee mir net approuvéieren. Ech menge mir mussen eis ëmmer d’Dier oploossen fir Diplomatie […] Dat Zweet ass, dass mer musse kucken, dass déi Sanktiounen eis net vill méi treffen u sech wéi Russland. Do muss ee gesinn, dass mir am Weste ganz staark ofhängeg si vun Gasliwwerungen, déi wäerten sech elo nach eng Kéier verdeieren. De Nord Stream 2 kënnt elo mol net an dat ass fir eis och relativ dramatesch, fir déi westeuropäesch Industrie-Landschaft, do sinn mir och mat betraff. Mir kënne do och Effete kréie wéi d’Delokalisatioun vun Entreprisen. Och fir déi privat Leit kann dat nach eng Kéier dozou bäidroen, dass Präisser an d’Luucht ginn.”

Déi Lénk stelle sech iwwerdeems op d’Säit vum Vëlkerrecht a begréissen d’Sanktiounen, mee fannen dass mat “deux poids de mesure” geschafft gëtt. Et missten dann och Sanktioune géint Israel geholl ginn, well si palestinenseschen Territoire besetzen a géint Marokko, sou d’Nathalie Oberweis.

“A mir fannen et och gutt, dass se progressiv solle kommen. Et ass een éischte Jet scho genannt ginn, et soll een zweete Jet kommen. Mir fannen et gutt, dass et och eng Marge de manoeuvre gëtt, fir dat eropzeschrauwen. Wat mer awer gesinn, vu dass mer op der Säit vum Vëlkerrecht stinn, géinge mir esou Sanktiounen iwwerall gesinn, wou esou eppes geschitt an net just hei, mee eben och bei der Besetzung vum Marokko vun West-Sahara a bei der Besetzung vun Israel vun de palestinenseschen Gebidder. An do gesinn mir ganz kloer “deux poids de mesure”, also een ongläicht Verhalen, wann et op eemol eis Frënn sinn. An do muss ech soen, dat geet an eisen Aen iwwerhaapt net. Entweder et ass een d’selwecht mat jidderengem an et mécht een iwwerall Sanktiounen oder eben net.”

Et misst een iwwerall op der Héicht sinn vum internationale Recht an vum Vëlkerrecht an net just wat d’Ukrain ugeet, sou d’Deputéiert vun déi Lénk.

Lëtzebuerger EU-Deputéiert reagéieren

“D’Ukrain Kris ass eleng d’Responsabilitéit vu Russland”, dat sot de Generalsekretär vun der Nato, de Jens Stoltenberg en Dënschdeg am Nomëtteg op enger Pressekonferenz no enger Sëtzung mat Vertrieder vun der Ukrain. Hie géif d’wirtschaftlech Sanktioune begréissen, huet de Stoltenberg ënnerstrach an en Opruff u Russland gemaach, de Wee vun der Diplomatie ze wielen. Hien huet donieft betount, datt dëst de geféierlechste Moment zanter Generatioune fir de Fridden an Europa wier.

An dat gesinn och zwee vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert esou. Doudgeféierlech an beonrouegend, esou beschreift den DP-Europadeputéierten Charles Goerens déi aktuell Situatioun an der Ukrain.

Et wier eng rout Linn a Punkto europäescht Recht vu Russland iwwerschratt ginn. Kuerzfristeg géif et vläicht esou ausgesinn, wéi wann de russesche President Vladimir Putin géif gewannen, mee:

“Längerfristeg ass d’europäesch Eenegung ee vun de Gewënner. Och wann et elo ganz penibel a grav ass an d’Konsequenze fir jiddereen batter sinn. A längerfristeg huet Russland do näischt ze gewannen.”

D’europäesch Unioun géif engersäits ganz enk beienee stoen, mee och d’EU an d’USA wieren erëm vill méi no beienee geréckelt, wat ënnert dem Donald Trump jo net denkbar gewiescht wier, huet den Charles Goerens nach ënnerstrach.

Och den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen schwätzt vun enger dramatescher Situatioun, déi Sanktiounen verlaangt. Et misst ee sech awer och froen, wéi grouss den Impakt vun zum Beispill engem Stopp vun der Nord Stream 2 oder dem Austrëtt vu Russland aus dem internationale Bezuelsystem Swift och op d’europäesch Unioun hätt:

“Et sinn aner Saachen an der Diskussioun, wéi Sanktioune géint de Putin a seng Famill, awer och géint d’Membere vum russesche Sécherheetsconseil an deenen hire Familljen. Mir wëssen, datt hir Gelder deelweis an Europa sinn, an déi Fonge mussen agefruer ginn.

Politesch Reaktiounen op d'Ukrain-Russland-Kris
Et ass de geféierlechste Moment zanter Generatioune fir de Fridden an Europa wier. An dat gesinn och 2 vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert esou.

De Jean Asselborn am Interview

Russland huet also erëm d’Grenzen an Europa changéiert mat Gewalt, sou de Lëtzebuerger Ausseminister am Gespréich een Dag nodeems de russesche President Putin déi 2 Volleksrepublicken Donezk a Luhansk als onofhängeg unerkannt huet. Zoufall wier et och net, dass Syrien, Nicaragua a Venezuela dat unerkennen. Dat Schlëmmt betrëfft awer d’Minsker Ofkommes, dat wier “futti”.

E Piratenakt um Festland, sou de Verglach vum Ausseminister.

Am Westen hätt een alles gemaach, wat méiglech war. Dem Putin gouf ugebueden, him op diplomateschem Niveau nozelauschteren an ze diskutéieren, ma “hien huet den Dësch mat dem Plateau ëmgehäit” an de Jean Asselborn gesäit net, wéi een an Zukunft ka Vertrauen hunn, fir do eng Léisung ze fannen. “Russland gëtt net méi sécher, mä alles wat net Russland ass, gëtt vill manner sécher”.

Dass e Putin seet, dass 4 Millioune Leit, d’Awunner aus de Gebidder an der Ostukrain, riskéieren engem Genocide z’ënnerleien, wier “verréckt”. Dat hätt och net vill mat der Nato ze dinn, mä et wie wuel éischter esou, dass de Putin tëscht dem Westen a sengem Land wëll eng Puffer-Zon hunn, wou hien d’Soen an en Afloss hätt, mengt den Asselborn weider.

Am Hibléck op d’Sanktiounen, déi en Dënschdeg am Nomëtteg vun der EU unanime accordéiert goufen, huet de Lëtzebuerger Politiker erkläert, dass elo mol en éischte Pak Strofmesuren op de Wee geschéckt gëtt. D‘Strofe gi wuel spéitstens e Mëttwoch de Moien offiziell decidéiert. Do sinn déi Persoune viséiert, déi dat Ganzt mat organiséiert hunn, um politesche wéi och militäresche Plang. Do sinn 2 Banken dobäi, d’Ekonomie aus den 2 Bezierker ass viséiert.

De Problem ass, wat geschitt elo? Näischt maachen, ass keng Solutioun. Déi grouss Gefor ass, dass a Wäissrussland nees kéinte Rakéiten opgebaut ginn, souguer mat nukleare Sprengkäpp. “Et kéint eng Spiral vun Oprüstung ginn an dat Gëft, en Drama fir d’europäescht Zesummeliewen”. Fir de Jean Asselborn ass et eegenen Aussoen no déi gréisste Katastroph, déi hien als Ausseminister huet misse gesinn.

De Jean Asselborn iwwert den Ukrain-Russland-Konflikt
Russland huet also erëm d’Grenzen an Europa changéiert mat Gewalt, sou de Lëtzebuerger Ausseminister am Interview.

Back to Top
CIM LOGO