60% vun de Leit sinn zefridde mat hirer Aarbecht. Dat geet aus enger Etüd vun der Salariatskammer ervir, déi bei ronn 1.500 Salariéen, dorënner och Frontaliere, gemaach gouf.
Digitalisatioun gëtt begréisst.
De Vize-Direkter vun der Salariatskammer Sylvain Hoffmann huet um Méindeg de Mueren am RTL Interview awer och erkläert, datt d'Ëmfro gewisen huet, datt déi nei Technologië méi Stress mat sech bréngen. Et muss een ëmmer méi dacks Verschiddenes parallel maachen (de sougenannte Multitasking) a konstant erreechbar sinn. Trennung vu Privatliewen an Aarbecht gëtt ëmmer méi schwéier.
Hei fäert den Invité vun der Redaktioun, datt sech d'Leit de Gefore vun der Digitalisatioun nach net ganz erkannt hunn.
Dowéinst ass et den Appell u Regierung a Patronat, fir déi sougenannte psycho-sozial Risken op der Aarbecht eescht ze huelen, an zum Beispill gesetzlech festzehalen, datt d'Salariéen e Recht op hier Fräizäit hunn, ouni misse permanent erreechbar ze sinn.
Aner Conclusiounen aus der Etüd: D'Salariéeën hunn d'Gefill, datt si manner autonom däerfe schaffen, an datt si net genuch mat agebonne ginn an Decisiounen an hirem Betrib.
De Vize-Direkter vun der Salariatskammer war e Méindeg géint 8.10 Auer onsen Invité vun der Redaktioun.