
De PDAT ass der Regierung no ee vun de wichtegsten Instrumenter fir d’Landesplanung. Den neie PDAT (den alen ass vun 2003) gëtt dem Inneministère an de Gemenge strategesch Orientéierunge mam Zil, d’Land esou weider z’entwéckelen, datt d’Liewensqualitéit erhale bleift. De Gemengesyndikat Syvicol huet sech e Sonndeg ënnert anerem mat deem Dossier befaasst, well een en Avis soll ofginn. An de Syvicol huet elo schonn eng Rei Bedenken.
D’Populatioun ass gewuess, besonnesch, well d’Zuel vun den Aarbechtsplaze gewuess ass. An der Haaptstad ass déi Zuel méi gewuess ewéi déi vun den Awunner, wat zu méi Distanz tëscht Doheem an Aarbechtsplaz gefouert huet. D’Demande no Wunnengen, no ëffentlecher Infrastruktur an no Ressourcë wiisst dowéinst och iwwerall am Land. Den Trafic hëlt zou, d’Land gëtt ëmmer méi versigelt, d’Biodiversitéit gëtt zerstéiert an esou weider. De PDAT setzt deemno de Kader esou: Do, wou elo scho vill Aarbechtsplaze sinn, soll méi dicht gebaut ginn, fir esou d’Natur méi ze preservéieren a well den ëffentlechen Transport net gutt funktionéiert, wou net dicht bewunnt ass.
Natierlech ass et eng gutt Iddi, sech Gedanken doriwwer ze maachen, mä net vun uewen erof, esou de Vizepresident vum Syvicol an CSV-Gemengeconseiller vun Hesper, de Guy Wester, “mä awer ouni d’Gemengenautonomie a Fro ze stellen.” D’Gemenge wéissten och schonn, wat se misste maachen. Am PDAT si wéi gesot Orientéierunge virgesinn, déi zwar net contraignant sinn, mä awer vum Inneministère zum Beispill kënnen als Argument benotzt ginn, wann ee Projete muss guttheeschen. De Syvicol stellt sech hei vill Froen, notamment, well de PDAT virschreift, datt no 2050 kee Milimeter Land méi soll artificialiséiert, also versigelt ginn. Dem Guy Wester no misst ee sech Froe stellen, ewéi Lëtzebuerg sech dann nach wirtschaftlech soll entwéckelen.
De Gemengesyndikat wëll esou séier ewéi méiglech säin Avis zum Programme directeur d’amenagement du territoire ofginn, deen déi 102 Gemengen da kënnen als Basis huelen, fir hir Avisen ze schreiwen.