
D’Ministesch Taina Bofferding huet mat Steiergelder Leit engagéiert, déi mat hir op Aarbechtsreese gaange sinn, fir do Contenue fir hir sozial Medien ze produzéieren. Dora soll awer virop d’Ministesch selwer an d’Vitrinn gestallt gi sinn an net hir Aarbecht op der Plaz. Dat schreift den Online-Magazin Reporter.lu an hirer neister Recherche iwwert d’Depensë vun de Regierungsmemberen.
Iwwerhaapt géif si privat a berufflech Contenuen op hire Plattforme vermëschen, wat grad en vue vun de Wale kéint problematesch ginn.