Verpackungen evitéieren an do wou dat net geet, zu Stoff, Pabeier, Holz, Glas a Metall als Alternativ zum Plastik gräifen. Dat ass de „Zero Waste“-Liewensstil, deen ons Invitée vun der Redaktioun lieft. D'Tania Gibéryen huet an der Kanadescher Arktis hiren Doktorat gemaach. Do goufen d'Liewensmëttel ageflunn, an déi eidel Verpackungen nees zeréckgeschéckt. Esou huet Si gemierkt, datt et am beschten ouni Emballage geet, respektiv wann ee villes, wéi Seef selwer mécht. Mat dëser Iddi ass si zeréck op Lëtzebuerg komm.
Datt esou Liewen am räiche Lëtzebuerg net méiglech wier, léisst Tania Gibéryen net gëllen. Grad hei am Land hätt een de Pouvoir d'Achat, fir zu méi ëmweltfrëndleche Produiten ze gräifen. A well dës méi laang halen, géife se net nëmmen d'Poubelle mä och de Portmonni schounen.
Tania Gibéryen ënnersträicht och, datt e Liewensstil, bei deem sou wéineg wéi méiglech Offall produzéiert gëtt, grad elo gutt an d'Wuesstemsdiskussioun hei am Land passt.
Weider Detailer zum Sujet „Zero Waste“ fann dir um Internetsite www.sila.lu, dee geschwënn ausgebaut gëtt.
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war d'Tania Gibéryen, déi nom Motto "Zero Waste" lieft.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.