Esch-UelzechtTäter halen Affer fest a klaue Portmonni

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war der Police en Iwwerfall an der Rue Michel Lentz zu Esch gemellt ginn, bei deem d'Affer de Portmonni geklaut krut.
© RTL

Wéi am Bulletin vun der Police steet, wier d’Affer vun zwee Täter an der Rue Michel Lentz ugehale ginn. Doropshin hu si d’Affer opgefuerdert, hinne säi Portmonni ze ginn.

Dono sinn d’Täter mam Portmonni a Richtung Rue Marie Muller Tesch geflücht.

D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

Eng Persoun gouf an der Nuecht op e Mëttwoch zu Sandweiler festgeholl. Een aner Verdächtege koum an de Centre socio-educatif. Dat mellt d’Police, nodeems et an der Nuecht op e Mëttwoch fënnef Abréch an ee versichten Abroch a Restauranten a Butteker zu Sandweiler gouf. Nach an der Nuecht konnten d’Beamten zwou verdächteg Persoune stellen. Op Uerder vum Parquet koum eng op Dräibuer, déi aner hat e Mëttwoch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO