Police sicht ZeienTäter klauen Auto zu Biissen

Maxime Gillen
An der Nuecht op e Samschdeg, tëscht 2 an 3 Auer, gouf an der Industriezon zu Biissen e schwaarze BMW M3 geklaut.
© Domingos Oliveira (RTL)

Obschonns d'Police séier agegraff hätt, wieren déi presuméiert Täter mat héijer Vitesse a Richtung Biissen fortkomm, heescht et vun der Police. Dofir sicht si elo no Indicen zu engem rouden oder orange VW-Transporter vum Typ T5 oder T6.

Déi däitsch Plackennummer soll mat FR ufänken. D'Police sicht iwwerdeems och nach no engem donkelen Audi-Sportkombi RS6 mat franséische Placken.

Zeien, déi ee vu béiden Autoe gesinn hunn oder soss nëtzlech Informatiounen fir d'Police hunn, sollen sech um 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO