
E Méindeg, kuerz viru 16 Auer ass eng Persoun an e Geschäft zu Iechternach eragaangen an huet dunn, an engem vir hie gënschtege Moment, Suen aus der Kees agestach. Wéi den Täter bei sengem Déifstall erwëscht gouf, ass dëse fortgelaf an huet dobäi eng Fra, déi hie bei senger Flucht unhale wollt, op de Buedem gestouss.
Ermëttlunge goufen ageleet an eng verdächteg Persoun gouf en Dënschdeg de Muere fréi säitens der Police ugetraff. Hien hat eng kleng Quantitéit Haschisch, sou wéi Boergeld op sech. Béides gouf séchergestallt a confisquéiert.
Op Uerder vum Dikrecher Parquet gouf hie festgeholl a soll am Laf vum Dënschdeg beim Untersuchungsriichter passéieren.