
Éischten Informatiounen no gouf de Mann beim Verloosse vun engem Bistro vun zwou Persounen ugegraff. Hie gouf dobäi liicht blesséiert a krut säi Portmonni ewechgeholl.
Am Kader vun enger direkt ageleeter Sichaktioun konnten déi Verdächteg vun enger Policepatrull gestallt ginn a bei der Kontroll gouf de geklaute Portefeuille fonnt. Am Laf vu weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass géint béid Männer en europäesche Mandat d’arrêt virläit. Donieft hu si sech mat gefälschte Pabeieren ausgewisen. Béid Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
Am Kader vun enger ordonéierter Perquisitioun beim zweete Verdächtege konnte weider geklaute Saache séchergestallt ginn, souwéi eng kleng Quantitéit Haschisch. D’Donnéeë vum Verdächtege goufen opgeholl an et gouf protokolléiert.