
Eng Persoun hat bei der Police ugeruff a matgedeelt, dass säi Bekannten geschloe gouf an e Grupp Männer virum Bistro waarde géifen.
Opgrond vun den Ëmstänn gouf decidéiert direkt e puer Patrullen op Ettelbréck ze schécken. Kuerz drop gouf d’Police driwwer informéiert, ass d’Pneue vum Auto vum Affer duerchgepickt goufen an dass déi presuméiert Täter mat engem Won geflücht wieren.
No enger kuerzer Sich konnt de Won nach zu Ettelbréck ugetraff sinn an d’Persounen am Auto goufe kontrolléiert. Am Auto goufen ënnert anerem e Messer, warscheinlech d’Waff, mat där d’Pneue gepickt goufen, an eng Loftpistoul fonnt.
Domadder awer net genuch, an der Mall hat sech nach ee vun de presuméierten Täter verstoppt, fir sech enger Kontroll vun der Police ze entzéien. Am Laf vun den Ermëttlungen koum eraus, dass och nach Pneue vun aneren Autoen gepickt goufen.
De Parquet gouf informéiert an e Protokoll gouf erstallt.