
E Mëttwoch gouf hien deemno vum Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 23 Joer Prisong a Schuedenersatz an Héicht vu 77.000 Euro verurteelt. De Parquet hat 25 Joer Prisong wéinst Doutschlag gefuerdert.
Et war den 9. Abrëll, op engem Sonndegmoien zejoert, wéi de Rettungsdéngscht an de fréie Moiesstonnen alarméiert gi war. Fir d’Affer vun 38 Joer koum awer all Hëllef ze spéit.
Deen Owend hat a Baren zu Diddeleng ugefaangen. Hei hu sech den Ugekloten an d’Affer wuel eréischt kennegeléiert. Et ass esou ausgaangen, dass déi zwee zesumme mat engem weidere Kolleeg bei den Ugekloten heemgaange sinn, fir nach een ze drénken.
Am Laf vum Owend huet den Ugekloten awer erausfonnt, dass d’Affer géing probéieren, hien ze beklauen. Doropshin huet hien de Mann mat engem Kichemesser menacéiert. Dësen ass no hanne gaangen. D’Fro, déi sech dunn am Prozess gestallt huet, ass: Wat ass dono passéiert? Der Verdeedegung no huet d’Affer eng abrupt Beweegung gemaach. De Parquet seet awer, hie wier net an d’Messer gefall. Den Ugeklote stécht op alle Fall zou. D’Affer gëtt um Hals blesséiert, Éischt-Hëllef-Versich vum Ugeklote kënnen hien net retten. De Mann verblutt nach op der Plaz.
Um Geriicht hat den Ugekloten ausgesot, dass et en Accident gewiescht wier. Dass hien de Mann net hätt wëlle mam Messer blesséieren.
D’Riichter hu wéi gesot eng Strof vun 23 Joer Prisong festgehalen. D’Urteel ass awer nach net rechtskräfteg. Den Ugekloten huet 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.