ËlwenTaxichauffer gouf iwwerfall a krut säi Won geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend ass zu Ëlwen op der Gare een Taxichauffer iwwerfall ginn.

Wéi d’Police matdeelt, hätte véier Onbekannter mat Gewalt de Schlëssel vum Taxi geklaut an hätte sech dono mam Gefier duerch d’Bascht gemaach. Eng Enquête gouf lancéiert.

An der Stad an der Rue de Bonnevoie hate sech e Mëttwoch siwe Persoune fir e private Verkaf getraff. Do sinn d’Täter géigeniwwer den zwee Affer handgräiflech ginn an hunn eng Partie Wäertgéigestänn geklaut.

Donieft huet d’Police an der Stad e Mëttwoch den Owend an der Rue Fort Neipperg am Garer Quartier e Mann wéinst Drogebesëtz festgeholl.

An der Nuecht op en Donneschdeg war zu Péiteng an der Rue de Longwy en Automobilist ze séier ënnerwee. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. De Permis war op der Plaz fort. An der Suite huet de Mann d’Beamten ëmmer nees beleidegt. Hie koum an d’Ausniichterungszell.

Back to Top
CIM LOGO