D'Sujeten dovu sinn déi fix Telefonsleitungen, de Gebrauch vun Telefonsbicher an d'Iwwerliewe vun den Telefonskabinnen.
Diffuséiert ginn déi 3 Reportagen een nom aneren owes am Journal vun 19.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou se duerno och am Replay ze fanne sinn.
Reportage (3): Telefonskabinnen - Diffusioun: Mëttwoch, 16. Januar
Wéi vill Telefonskabinne ginn et nach hei zu Lëtzebuerg? Erstaunlecherweis nach ëmmer méi wéi 400, woubäi ronn een Drëttel a privaten Etablissementer wéi Hotellen oder Baren installéiert ass. D’Gespréicher aus der Telefonskabinn eraus huelen duerch de Gebrauch vu Smartphonë logescherweis awer of an dofir ginn och no an no Telefonskabinnen ofgeschaaft. Verschiddener kréien awer och d'Chance op en zweet Liewen als Bicherschaf.
Reportage (2): Telefonsbicher - Diffusioun: Dënschdeg, 15. Januar
An engem Buch vun iwwer 1.300 Säiten eng Telefonsnummer oder Adress eraussichen? Kléngt onpraktesch, schéngt awer ëmmer nach in ze sinn. Jiddefalls goufen och fir 2019 nees eng 120.000 Telefonsbicher produzéiert an hei am Land u jiddereen, deen Demandeur war, verdeelt. Obwuel ëmmer méi Leit den Internet benotzen, fir un hir Kontaktinformatiounen ze kommen, behalen traditionell Telefonsbicher eng fest Plaz bei de Lëtzebuerger Awunner.
Reportage (1): Fix Telefonsleitungen - Diffusioun: Méindeg, 14. Januar
Mobil Telefonsgespréicher maachen dem Festznetztelefon zanter Jore Konkurrenz. D’Kommunikatiounen iwwert d’Festnetz huelen of, woubäi 2017 ëmmer nach iwwer 600 Millioune Minutten doriwwer zirkuléiert sinn. D’Zuel vu fixen Telefonsleitungen zu Lëtzebuerg bleift awer stabel. Dat huet ënnert anerem domat ze dinn, dass d’Technologie dohannert geännert huet an de fixen Telefon haut iwwert de Breetbanduschloss funktionéiert.