Déi aktuell Kris huet e groussen Afloss op d'Digitaliséierung. Vun haut op muer hu vill Betriber op Homeoffice ëmgestallt an entdecken déi digital Welt, fir Aarbechtsprozesser ze optiméieren.
Mir erliewen den Ament a ville Beräicher e grousse Boom vun Digitaliséierung.
D'Digitaliséierung an d'Notze vu kënschtlecher Intelligenz kéint hëllefen, de Verlaf vun der Epidemie besser ze kontrolléieren, sou de Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar.
"Dat wou mer am Moment maachen, nämlech Kontaktbeschränkung, Masken, dat sinn d'Registeren, déi ee schonn am Mëttelalter gemaach huet. Do huet ee bei der Pescht genau esou reagéiert. Awer mer liewen am 21. Joerhonnert a mir hunn déi Chance do souzesoe ganz aneschters erunzegoen. An Tempo an Intelligenz, dat ass eis Chance fir d'Ausbreedung net nëmmen ze dämpfen, mee de Viraus auszedréchnen an dat muss eist Zil sinn."
D' lescht Joer krut de Ranga Yogeshwar an Däitschland den Dateschutzpräis, de Wëssenschaftsjournalist ass deemno sensibel op dës Thematik, an huet sech hei och scho Gedanke gemaach: "Et kann een dat Ganzt offiederen, wann een e puer kloer Saachen huet sou wéi Open Source, also datt de Code oppen an transparent ass. Et kann een et sou maachen, datt een e Bäirot huet, wou Leit dobäi sinn aus der Zivilgesellschaft, déi drop kucken. An et muss ee villäicht Registeren etabléiere bei der Aféierung vun der App, wéi ee seet, wéi gëtt se och erëm zréckgeholl. Et wäert net esou sinn, datt de Staat nach duerno kucke ka wie wou war."
Et bréicht een elo eng gemeinsam europäesch Approche.
RTL-Artikel: Ranga Yogeshwar am Interview (1) "Mir musse konstruktiv denken"
