
Beim Transportsecteur gëtt no de positiven Entwécklunge vun de Joren 2020 an 2021 eng Tendenz no ënne beim Volume vun den transportéierte Wuere festgestallt. Esou gouf zejoert um Findel 11 Prozent manner Fracht ofgewéckelt, ewéi nach am Joer 2021. Vergläicht een déi éischt 5 Méint vum Joer 2023 mat der nämmlechter Period zejoert, ass de Volume dann nach eng Kéier ëm 20 Prozent gefall. Allerdéngs waren d’Chiffere vun der Fracht, déi vum Findel aus an d’Welt geflu gouf, ugangs 2022 nach relativ héich.
Beim Passagéiertransport hunn d’Chiffere sech deene vu virun der sanitärer Kris ugepasst.
Beim Schinnentransport gouf et zejoert eng Baisse vu 7 Prozent bei den transportéierte Wuere, géigeniwwer 2021, wärend beim Wuerentransport op der Strooss am nämmlechten Zäitraum eng Hausse vu 4,2 Prozent registréiert gouf. De Schëffstransport tëscht Lëtzebuerg an den Nopeschlänner huet dann notamment ënnert engem ganz schwaachen 3. Trimester 2022 gelidden. Dat wéinst den nidderege Waasserstänn am Summer zejoert.
De Statec stellt dann och fir de ganzen Transportsecteur, zanter Mëtt zejoert, eng liicht Tendenz no ënne bei der Valeur ajoutée fest.
Trotz dëser Tendenz ass den Emploi Transport- a Logistiksecteur am éischten Trimester vun dësem Joer ëm 4,2 Prozent geklommen. Dat wier virun allem op d’Schafe vun Aarbechtsplaze bei Entreprisen, déi op de Passagéiertransport spezialiséiert sinn, zeréckzeféieren.
Da confirméiert de Statec, dass et um Bau méi lues dréit. An der Constructioun gouf et vum 4. Trimester zejoert op dat éischt Trimester 2023 eng Baisse vun 0,1 Prozent beim Emploi. Et ass déi éischte Kéier zënter 10 Joer, dass hei eng Baisse observéiert gëtt.
Am Héichbau gouf et am éischten Trimester 2023 eng Baisse vun 0,8 Prozent beim Emploi.
Iwwerdeems geet de Statec a senger Nott och op déi rezent Entwécklungen am Bankesecteur an. Hei hunn déi geklommen Zënsen zu enger Hausse vun der Valeur ajoutée gefouert. Inflatiounsberengegt gouf et hei, op e Joer gekuckt, am éischten Trimester 2023 eng Hausse vu 7 Prozent. Am Assurancësecteur gouf et op déi nämmlecht Period gekuckt eng Baisse vun 11 Prozent. Bei de weidere Servicer aus dem Finanzsecteur gouf eng Hausse vun 2,5 Prozent vun der Valeur ajoutée registréiert. Wann een de Finanzsecteur am Ganze kuckt - also d’Banken, d’Assurancen an déi aner Servicer zesummen - ass een op e Joer gekuckt bei enger Croissance vun der Valeur ajoutée vun 3,2 Prozent.