Hei sot de Premier Xavier Bettel, datt een am reegelméissege Kontakt mam Haut Commissariat à la Protection Nationale (HPCN) wier, mat deenen een ëmmer nees Bilan géif zéien. Et gouf präziséiert, datt zwou Persounen uerg blesséiert goufen, ma aktuell keng Liewensgefor méi géif bestoen.
Bei den Assurancë wieren 1.600 Demanden op Indemnisatioun agaangen. De Secteur schätzt, datt een hei bei 100 Milliounen Euro Schued géif leien. Beim Staat wiere bis ewell awer just wéineg Demanden agaangen, dëst wier awer normal, well d'Leit, fir d'Demanden ze maachen, e Schreiwes vun den Assurancë brauchen. Déi genau Zuele kéint een wuel am November noreechen.
Dann huet de Premier Xavier Bettel awer och de Leit Merci gesot, déi hei am Asaz waren. Souwuel de Membere vum CGDIS an hire Kollegen aus Frankräich an Däitschland, der Arméi, de Gemengen, der Police awer och, huet de Premier präziséiert, all de Fräiwëllegen, déi aus dem ganze Land an d'Regioun koumen, fir hei ze hëllefen, spenden ze sammelen oder selwer ze spenden.
"Ech muss soen, datt den Elan de solidarité, dee mer deen Dag kannt hunn, wierklech impressionnant war. Ech wëll dofir och am Numm vun der Regierung jidderengem Merci soen. Ech war den Dag duerno op der Plaz an ech muss soen, ech war immens touchéiert vun där Mënschlechkeet, déi een do och richteg konnt fannen", sou de Premier.
RTL.lu: Bal e Mount nom Tornado: Et gouf eng grouss Solidaritéit, esou de Michel Wolter