
Ob et de Wënzer gutt geet, hänkt an éischter Linn um Wieder. Wat gëtt d’Lies hier? Wat gëtt et fir e Wäijoergang? Ma et hänkt och um Maart a wéi ee säi Produit verkaaft kritt. De Weltmaart wier saturéiert, wat och Repercussiounen op Lëtzebuerg hätt. Doriwwer eraus wier d’wirtschaftlecht Ëmfeld ugespaant, d’Leit hu manner Suen zur Verfügung, erkläert de Marc Weyer, President vum Lëtzebuerger Wënzerverband.
Dofir mussen d’Wäibaueren sech ëmmer nees d’Fro stellen, wei se hire Produit kënne promouvéieren. “Et geet dorëm déi eenzegaarteg Eegenschaften an d’Qualitéit vun de Lëtzebuerger Wäiner ervirzehiewen”, seet de Marc Weyer. Dat kéint duerch geziilte Marketing gemaach ginn. Dass zum Beispill de Wäin mat der Regioun an der Traditioun presentéiert gëtt. Just esou kéint ee sech an engem wettbewerbsintensiven Ëmfeld differenzéieren.
Een Aspekt, ëm deen et och an engem Bäitrag um Wäibaudag gaangen ass, ass de Wäin-Tourismus. Dëse kéint zu Lëtzebuerg eng vill méi grouss Roll spillen. Eng Iddi wier hei geziilt Offeren unzebidden. Zum Beispill Wäiwanderungen oder Vëlostouren. De Gergely Szolnoki vun der Héichschoul Geisenheim huet Studien dozou presentéiert, dass d’Leit déi e Wéngert besichen, och de Wäi géinge kafen. Hien huet vun der Iddi erzielt, zum Beispill Parkplaze fir Camper an de Wéngerten zur Verfügung ze stellen. Eng Iddi, fir déi schonn e Konzept ausgeschafft gi wier, huet de Marc Weyer ënnerstrach. Interesséierter kéinte sech mellen. Generell sollten d’Wënzer bei der Weiderentwécklung vun deem Secteur mat agebonne ginn.

Schonn elo gëtt och versicht déi engleschsproocheg Communautéit besser z’areechen. “Aus der traditioneller Wäisprooch vum Franséischen si mer eraus”, sou de Marc Weyer. Och d’Net-Lëtzebuerger géing et gëlle vum Lëtzebuerger Wäin ze iwwerzeegen.
Vum Joer 2023 gëtt iwwregens gesot, dass et e schwéiert Wäijoer war. Dëst wier bedéngt duerch d’Wiederchangementer. Bis den hallwe Juli wier et extrem dréche gewiescht. Dono hätt et vill gereent, wat bis an den August, September gaange wier. Déi Zäit wou d’Drauwen zeideg sinn. Ma déi wichteg Noriicht da ganz um Schluss:
D’Qualitéit vum Wäi wier gutt.