AG ForainenTëscht 35 a 40 Lëtzebuerger Forains-Famillje ginn et nach, gréisst Evenement bleift d'Fouer

Claudia Kollwelter
D'Assemblée générale wier och gutt besicht gewiescht, begréisst de President vun der Associatioun vun de Foraine Charel Hary.
AG vun de Forainen
AG vun de Forainen
© Claudia Kollwelter

“De Bilan war gutt. Bis op zwee, dräi Deeg, wou mer wierklech vill Reen haten, war alles tiptopp. An do kënne mer net kloen driwwer. Ech mengen, d’Schueberfouer ass jo och eppes Exzeptionelles, mat all deene Sensatiounen, wou do sinn. Ech mengen, dat ass an der Groussregioun dat Schéinst, wat et gëtt.”

D’Assemblé générale huet sech awer net just un d’Forainen aus dem Grand-Duché geriicht:

“Et sinn Däitscher hei gewiescht, Belsch a Fransousen, an do si mer jo och stolz drop mat deene schaffe mer jo zesummen, well eng Schueberfouer eleng ouni si kéinte mer net maachen!”

Mee net just d’Schueberfouer ass wichteg fir d’Forainen, och aner grouss Kiermessen uechtert d’Land wéi zu Esch, Diddeleng, Ettelbréck, Iechternach oder Dikrech wieren extrem wichteg a géife Sue fir d’Forainen erabréngen, sou de Charel Hary. No Covid géif d’Tendenz vun de Visiteurszuelen och erëm eropgoen:

“Et komme ganz vill Leit op d’Kiermessen, déi gären dohinner komme fir e puer Stonnen do verbréngen, wou et och Spaass an alles mécht. An ech mengen, et muss ee jo och esou kucken, dass d’Gemengen alleguerten och hiren Deel dozou bäidroen, déi eis ënnerstëtzen, mat deem engen oder aneren, wou mer kee Stroum bezuelen, wou mer kee Standgeld bezuelen, fir dass mer awer erëm kënnen d’Leit do ameséieren. An ech géif soen, et ass awer dat eenzegt, wat och wierklech d’Leit alleguerten dozou beweegt, erauszegoen an op hir Kiermes ze kommen.”

D’Zesummenaarbecht mat de Gemenge wier extrem wichteg a géif och ganz gutt verlafen, seet de President vun der Associatioun vun de Forainen:

“D’Gemengen hunn alleguer en oppent Ouer fir eis, wa mir iergend e Problem hunn. An ech mengen, mir iwwerdreiwen awer och net. Mir froe wierklech just dat Néidegst, wat mer mussen hunn.”

Wann natierlech emol Chantieren wieren op der Plaz, wou d’Kiermes normalerweis ass, misst een no Alternativen sichen, mee och dat géif gemaach ginn a wier an den Aen vum Charel Hary kee Problem an et géif een och ëmmer e Konsens fannen.

Luef fir d'Stad Lëtzebuerg wéinst dem Chrëschtmaart vun de Forainen
Op hirer Generalversammlung hunn d’Forainen d’Aarbecht vun der VDL ronderëm de Chrëschtmaart gelueft.

Back to Top
CIM LOGO