Dat ass an zwou separate Bipartitte geschitt. Konkret geet et drëms, wéi déi europäesch Direktiv iwwer d’Plattformaarbecht, also Servicer an Déngschtleeschtungen déi iwwer Online-Plattformen ugebuede ginn, hei am Land soll ëmgesat ginn.
Et war fir d’éischt d’Patronat, dat op de Rousegäertche komm war, fir sech mam Aarbechtsminister Spautz iwwer d’Plattformaarbecht auszetauschen. No ronn annerhallwer Stonn war et d’Conclusioun vun der UEL, datt nach vill juristesch Froen op bleiwen, sou de Michel Reckinger, President vun der UEL:
“Mir hätte gären, dass et juristesch kloer ass, vu wat mer schwätzen a wéi mer et handhaben. A wa mer déi juristesch Kloerheet hunn, dann ass dat fir eis einfach. Da kann et nämlech gehandhaabt ginn an dann ass et duerno an dem reelle Liewen, fir jidderee kloer, wat e muss maachen.”
Knackpunkte ginn et der UEL no keng. Et géing haaptsächlech drëms goen, den Text vun der EU-Direktive juristesch ze interpretéieren.
Duerno war et un OGBL an LCGB, an hir Revendicatiounen si net nei. Et bräicht kloer Krittären, ob ee Mataarbechter Salarié oder Independant ass. Dozou d’Nora Back, Presidentin vum OGBL:
“Et si keng Independanten, et sinn dat, wat mir ëmmer nennen, Faux-Independantë, well et gëtt gesot, si kënne schaffe wéi se wëllen, mee et ass awer net esou, an duerfir brauche mer, an dat ass dat Allerwichtegst, an do hu mer haut am längsten driwwer geschwat, eng ganz detailléiert Lëscht u Krittären, déi mussen erfëllt sinn, fir ze soen, déi Persounen do sinn an engem Salariatsverhältnis.”
De Patrick Dury, President vum LCGB, sot:
“Mir sinn net géint déi nei Aarbechtsmethod, mee eis geet et ganz einfach drëms, déi Leit, déi do um kuerzen Hiewel sëtzen, am schwaachen Hiewel sëtzen, fir déi u sech, doduerch dass mer eng Rei vu Krittäre festleeën, an e Salariatsverhältnis eranzekréien, wou dat och passt.”
Et ass net fir d’éischt, datt sech de Minister zu dësem Sujet mat de Sozialpartner beréit. Nach virun engem Mount souz een hei zesummen. Do war et dem Minister an éischter Linn drëms gaangen nozelauschteren. Ma déi Kéier gouf sech da méi konkret iwwer d’Proposen ausgetosch. Kommentéieren wollt de Marc Spautz dës awer net.
D’Reunioune waren och an der Form vu Bipartitten. Op een an Zukunft rëm nees zu dräi un en Dësch kënnt, schléissen d’Gewerkschaften net aus, mee hinnen no wier dat awer nach net fir direkt. D’Nora Back:
“De CPTE wéi en hei stattfënnt, kënne mer net zu dräi maachen, bis, an dat hu mer ëmmer gesot, bis mer konkreet gesinn, dass hei reell negociéiert gëtt, dass Resultater dobäi erauskommen, dass déi éischt Fortschrëtter gemaach ginn. Am Moment hu mer just en neie Minister an Diskussiounen, déi lafen. Dat ass ze fréi fir eis ze soen, mir ginn erëm zu dräi un den Dësch.”
Dozou de Patrick Dury:
“Eis geet et elo net méi ëm d’Form vun de Reuniounen, et geet eis ëm de Fong, ëm d’Resultat. A mir wäerten an deem Sënn alles maachen, fir eng gutt Ëmsetzung vun dëser Direktiv ze garantéieren, grad sou wéi an deenen anere Sujeten.”
De Michel Reckinger sot, datt si ni aus der Tripartite erausgeklomme wieren. “Mir souzen ëmmer do um Dësch a mir schwätze mat deem, dee vis-à-vis vun eis sëtzt.”
Iwwer méi schwiereg Sujete wéi de Mindestloun gouf en Dënschdeg um Rousegäertchen net diskutéiert.