Kee blesséiertTëscht Ierpeldeng a Méchela huet e Chalet gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet e Méindeg kuerz no Mëtteg e Vakanzenhaus zu Méchela an der Ierpeldenger Strooss gebrannt.
© Olidom Multimedia

Detailer ginn et nach keng. D'N27 war gespaart ginn.

Op der Plaz waren d'Ambulanz Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Buerschent, Dikrech, Angelduerf an d'Police.

Blesséiert gouf keen.

De Parquet huet d'Spuresécherung op d'Plaz geschéckt.

© Olidom Multimedia
VIDEO: Feier am Chalet
Tëscht Ierpeldeng a Méchela huet e Chalet gebrannt.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz vun Olidom Multimedia.

Back to Top
CIM LOGO