Konflikter evitéierenTëscht Trauma-Pedagogik an haart duerchgräifen

RTL Lëtzebuerg
An dësem Deel vun eiser Serie iwwer de Centre socio-éducatif de l’Etat geet et ëm d’Aarbecht vum Personal op den dräi Sitten an d'Gesamtkonzept.

“Et ass eng Katastroph. Pedagogesch geschafft gëtt hei net méi vill”, ass eng vun den éischten Aussoen am Interview mat engem fréiere Mataarbechter. “Hal mol de Ball flaach.” Dat wier méi wéi eng Kéier d’Reaktioun vun uewen, wann d’Pedagogen eppes kritiséieren oder en anere Point de vue hunn.

“Den neisten Uerder vun uewe war et, de Jonken einfach maachen ze loossen, fir méiglechst all Konflikt ze evitéieren.” Et wier kee richtegt Encadrement méi do, mee eng Aart Laisser-Faire. E puer fréier Mataarbechter haten d’Gefill, si wiere just nach do gewiescht, fir op d’Pensionären opzepassen, awer net do, fir konkret mat hinnen ze schaffen.

Besonnesch den Uerder all Konfrontatioun ze vermeiden, wier kontraproduktiv. “Doduerch renforcéiere mir déi Jonk just an hirem Behuelen.” Natierlech wieren ënnert de Pensionären och Jonker, déi net esou schlëmm wieren a mat deenen ee gutt schaffe kéint. Ma et wieren der awer och eng Partie, déi einfach e feste Kader brauchen. “An dat geet net, wann een mat Kuschelpedagogik kënnt. Do muss ee mam Jonken diskutéiere kënnen. Ëm weisen, dass et richteg a falsch gëtt.”

Trauma – eng Ausried fir alles?

Fréier hätt dat trotz Schwieregkeeten och gutt geklappt. Et hätt ee fest Reegelen a Konsequenze gehat. “Elo ass all Jonken en aarmt, traumatiséiert Kand, wat muss beschützt a gewäerde gelooss ginn.”

Dës weidere géif et zwar kloer e Leetfuedem vun de Strukture ginn, wou zum Beispill festgehale wier, wéi een a wéi enger Situatioun agéiere soll an, dass mat all Kand en individuelle Projet ausgeschafft gëtt. An awer wéisst een an der Praxis ni richteg, wéi ee sech wierklech behuele soll. An dat zemools wann e Mineur eng Kris kritt.

E fréiere Mataarbechter erzielt eis vun engem konkrete Beispill, deen ëmmer rëm virkënnt.

“Déi Jonk wëssen, dass et keng wierklech Konsequenze méi ginn. Si soen dann: Gëff mir eng Zigarette oder ech huelen alles auserneen. Gëtt een no a gëtt dem Jonken eng Zigarett, hu si gewonnen a maachen et déi nächste Kéier rëm. Bleift ee konsequent, weess een, dass et eng riseg Diskussioun gëtt, déi gäre mol eskaléiert. Wann een de Rapport dann un de Responsabele weidergëtt, heescht et just: Du häss ëm déi Zigarett einfach solle ginn. Mee an eise Reegele steet jo ganz genee, wéi vill si zegutt hunn. Dat heescht, ech soll géint d’Reegele schaffen?”

Et géif och ëmmer rëm virkommen, dass de Jonke géint d’Reegele verstéisst oder fortleeft an déi virgeschriwwe Konsequenzen net agehale ginn. Sou ginn et Fäll, an deenen de Jonke fir eng Isolatioun an d’Zell misst oder de Weekend bei der Famill sollt gestrach kréien. “Schlussendlech gëtt dann esou laang diskutéiert, dass de Jonken awer an de Weekend dierf. Wéi solle se dann aus hire Feeler léieren?”, freet sech e fréiere Mataarbechter.

“Mee ech hu souwisou dGefill, dPersonal respektiv dDirektioun ass frou, iwwert all Jonken, dee grad net op eise Sitten ass. Déi Aarbecht hu mir da jo manner.”

En anere fréiere Mataarbechter gesäit dat alles net esou streng. Et wier awer vill no de Reegele geschafft ginn an och mat der Direktioun hätt d’Persoun keng Problemer gehat. Eng Kritik gëtt et awer: “Et gëtt een net richteg ageschafft. Et fänkt een den éischten Dag un a gëtt direkt an d’kaalt Waasser gehäit. Do ass bestëmmt scho sou munches schif gelaf, well een net ugeléiert gouf.” Des weidere wier et immens problematesch, wann een als Mann eleng op enger Schicht am Meederchersgrupp schafft.

Besonnesch “mannerjäreg” Flüchtlingen ouni Begleedung e Problem

Iwwert déi lescht Jore wieren ëmmer méi Flüchtlingen am CSEE placéiert ginn. Déi hätte keng Pabeieren a géife sech als Mannerjäreger ausginn, fir net an de Prisong ze kommen. “Si sinn déi Schlëmmst. Net elo wéinst hiren Originnen oder sou. Mee et sinn dacks jonk Erwuessener, déi aus Krichsgebitter kommen a scho villes erlieft hunn. Dat gesäit een och un hire Narben.”

Dës Pensionnaire géifen och ganz oppen erzielen, dass si schonn an den Nopeschlänner am Prisong souzen a wat si alles scho gemaach hunn. Et wiere richteg Krimineller. Wat fir d’Personal net onbedéngt manner geféierlech wier.

“Si hunn dacks e schlechten Afloss op déi aner Jonk, déi am CSEE placéiert sinn. Si spille Chef, rekrutéieren déi Jonk a verleedesi zu nach méi kriminellen Aktiounen”, erzielt en Ex-Mataarbechter. Zousätzlech géif et och e Kommunikatiounsproblem matbréngen.

D’Sprooch - e Plus oder en Hindernis?

Zënter leschtem Joer ass am CSEE eng privat Sécherheetsfirma am Asaz. Mat de Sécherheetsbeamten hätt dat och ëmmer gutt geklappt, erzielt d’Ex-Personal. Eng Schwieregkeet géif et awer ginn. Eng Partie Sécherheetsbeamte schwätzen ënnert anerem arabesch. Wat a Priori jo kee Problem ass. “Mee d’Flüchtlingen an aner Jonker schwätze mat de Sécherheetsbeamten dann arabesch an dat anert Personal steet donieft a versteet näischt. Dat ass wierklech e Problem, well een net weess, wat déi Jonk an dSécherheetspersonal ënnert eneen diskutéieren.”

CSEE-Direktioun: Multilinguismus e Virdeel a Fortschrëtter an der Trauma-Pedagogik

Dat mat der Sproochebarrière empfënnt d’Direktioun guer net esou a si hätten déi Réckmeldung och net vum Personal kritt. Grad am Géigendeel wier de Multilinguismus op de Sitte vum CSEE vu groussem Virdeel. “Jo, mir hu Sécherheetsbeamten, déi arabesch a franséisch schwätzen. Mir hunn awer genau sou zënter kuerzem eng Psychologin, déi Arabesch schwätzt a vill Personal, wat franséisch- oder däitsch-sproocheg ass. An dat huet och seng Virdeeler”, sou D’Direktioun vum CSEE. De Gilles Dhamen vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher kann dat just confirméieren a gesäit hei keng Nodeeler. Zemools a Krisesituatioune wieren déi vill Sproochen e Plus.

“Ech schwätzen zum Beispill zousätzlech Portugisesch”, sou de Pedagog Yannick Gomes. “Wann e portugisesche Pensionnaire voll an enger Kris ass, ass et fir hie vill méi einfach sech a senger Mammesprooch auszedrécken a mir op Portugisesch ze erklären, wat lass ass. Dat selwecht gëllt da fir eis franséischt, däitscht oder arabescht Personal.”

Besonnesch bei Refugiéë wier dat arabescht Sécherheetspersonal an d’Psychologin e groussen Avantage. Déi géifen dacks nëmmen e puer Wieder Franséisch oder Portugisesch schwätzen a kéinte sech am beschten op Arabesch verstännegen. Wouhier déi Angscht kënnt, dass d’Sécherheetspersonal an d’Mineuren an enger Friemsprooch eppes aushecke kéinten, kann d’Direktioun net novollzéien. “Dat wichtegst ass einfach, dass d’Personal sech no Krisen oder Gespréicher austauscht. Egal op duerno vu Lëtzebuergesch op Franséisch oder vun Arabesch op Lëtzebuergesch muss iwwersat ginn”, sou d’Direktioun.

Dat mat de sougenannte mannerjärege Refugiéë confirméiert d’Direktioun. Zënter 4 bis 5 Joer géif et ëmmer rëm zu esou Welle kommen. “Et si Jonker, déi geflücht sinn an eleng op Lëtzebuerg komm sinn. Si gi sech hei als Mannerjäreger aus fir net an de Prisong ze kommen. Déi medezinesch Expertise seet dann, dass de Jonken op d’mannst 17 Joer al ass. E kann awer net soen, wéi al d’Persoun tatsächlech ass. Domat kënnt dësen dann awer bei eis ënner. Si hunn dacks eng ganz aner Siicht, hunn Narben an aner Krankheeten, fir déi si verschreiwungsflichteg Medikamenter hunn. Déi verticke si dann hei”, erkläert eis d’Sous-Direktesch vum CSEE Joëlle Ludewig.

Si hätten och dacks eng aner Approche zu Gewalt, well si selwer ganz schlëmm Saachen erlieft hätten an eleng iwwert d’Mëttelmier komm wieren.

“Bis lo war nach keen do, dee wéi e Mannerjärege gewierkt huet. Mee mir këmmeren eis dann awer ëm si. Mee si hunn munchmol eng ganz aner Wierkung op déi Jonk. E puer Mineure fille sech souguer onwuel bei hinnen, respektiv soen eis, dass si Angscht hunn”, sou d’Joëlle Ludewig.

Wat déi pedagogesch Approche vum CSEE ugeet, sou kann d’Direktioun novollzéien, dass dat no baussen heiansdo e bëssen ze lasch wierkt. “Tatsächlech hu vill vun eise Mineuren a jonke Jore schonn traumatesch Erfarungen erlieft. Dat geet vu Sucht vun den Elteren a Vernoléissegung bis hin zu psycheschem, physeschem a sexuellem Mëssbrauch. Déi Jonk, déi bei eis kommen, kennen dacks keng normal Regulatioun vun den Emotiounen, kenne kee Gefill vu Sécherheet an hunn dacks keng Bezuchspersoun, ofgesi vun hire Kolleegen. Wa si bei eis kommen, geet et drëm si opzefänken an iwwerhaapt mol e Lien opzebauen.” Strofen a déi haart a sec Approchë vu viru Joerzéngte géifen dat Ganzt dacks nach méi schlëmm maachen. Dat géifen och nei Etüden an déi wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen.

“Mir mierken, dass och eng aner Aart Autoritéit gefrot ass. Déi al Nummeren zéien Haut net méi. Mir brauchen éischter eng “wohlwollend” Autoritéit. De Mineur muss mierken, dass et fir säi Bescht ass, dass en a Sécherheet ass, an dass mir mat him a fir hie schaffen”, erkläert d’Joëlle Ludewig. Et misst een d’Mineuren huele wéi se sinn a sech ëmmer erëm u si upassen. “Mir entschëllege kee Verhalen, mee Strofen eleng sinn net de richtege Wee.”

Wann e Pensionnaire zum Beispill méi wéi eng Kéier op d’Fuge geet an dann erëm kënnt, kann e bis zu 72 Stonnen an d’Isolatioun kommen. Dës ka souwuel an der Zell wéi och an der Kummer vum Mineur sinn. An der Isolatioun soll de Mineur reflektéieren. Dass d’Isolatioun awer éischter kontraproduktiv ass, souwuel bei Mineure wéi bei Erwuessenen, weise sëlleg Etüden. Dëse Sujet gräife mir am nächsten Deel vun der Serie méi am Detail op.

Et wier och wichteg, dat Erliefte mam Jonken opzeschaffen an erauszefannen, wisou en ëmmer rëm fortleeft. “De Mënsch ass eben op Kampf oder Flucht programméiert, wann e sech bedréit fillt. Déi eng lafe fort, déi aner ginn aggressiv.” Dat géif een och bei de Mineure gesinn. Fir dass de Pensionnaire sech hëllefe léisst a sech positiv entwéckelt, brauch et e gewëssene Lien an e Gefill vu Sécherheet. “An dat geschitt net vun Haut op Muer, mee brauch einfach Zäit an e laangen Otem vum Personal”, sou de Yannick Gomes.

An da gëtt et ni eng Garantie wann et bis am Kader vum CSEE klappt, dass de Mineur dat positiivt Verhalen oder dobausse bäibehält. “Et ginn ëmmer rëm Situatiounen, wou mir de Jonken esou aschätzen, dass et elo klappt an en rëm Heem kann an et no puer Woche rëm an d’Box geet. Dat kënnt vir an da kann et sinn, dass de Mineur rëm zeréck kënnt a mir weider mat ëm schaffe mussen. Dacks hu mir eng gutt Aschätzung mee eng honnertprozenteg Sécherheet gëtt et ni.”


*No bausse gëtt een net vill gewuer, wéi et wierklech am CSEE ofleeft. Dat huet zum Deel mat der Schweigeflicht vum Personal ze dinn. Fënnef fréier Mataarbechter wollten de Mond awer net halen. Fir si ze schützen, bleiwe si onerkannt. Mir wäerten och net soen, op wéi engem Site déi ënnerschiddlech Leit geschafft hunn. Wat eis an dësen Interviewen awer besonnesch wichteg war, ass dass si alleguer just vu Saachen erzielen, déi si selwer gesinn hunn a matkruten.*

Déi lescht Etapp fir Mineuren Alles roseg zu Dräibuer a Co?
1. Deel Ex-Personal vum CSEE erzielt: Sex, Drugs and Rock’n’Roll - Un der Dagesuerdnung zu Dräibuer?
2. Deel “Placement hënnert déi Jonk net drun gewalttäteg a stroffälleg ze ginn.”

Back to Top
CIM LOGO