Invité vun der Redaktioun (5. Dezember)Théid Faber iwwer de "Mouvement écologique"

Sascha Georges
De Mouvement Ecologique huet e Mëttwoch den Owend seng offiziell 50-Joer-Feier.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Théid Faber
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Am Koalitiounsaccord ass esou munches dran, wat an déi richteg Richtung geet, dat den Théid Faber, laangjärege President vum Mouvement écologique e Mëttwoch de Moien. Als Organisatioun, déi am Ëmweltberäich aktiv ass, kritt de Mouvement écologique virun allem Relatioune mat der grénger Partei nogesot. Ma den Théid Faber ënnersträicht d’Onofhängegkeet vum Mouveco. Wat ee sech awer géif wënschen, wier, datt och an anere Parteien een Uspriechpartner ze fanne wier. Dat wier nämlech net ëmmer de Fall, och net bei de Gewerkschaften. An och net an all Parteiprogramm hätt een ee gréngen Touch fonnt.

D’Gesellschaft huet mat zwee groussen Defien ze kämpfen. Dem Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit. Ännerungen, struktureller Natur wieren néideg, zum Beispill an der Agrarpolitik. Och Lëtzebuerg hätt ee Krack bäizeleeën. Op d‘COP24 ugeschwat, erwaart sech de Théid Faber net all ze vill. Et misst fir d’éischt um nationalen Niveau eppes geschéien. Do wëll Lëtzebuerg jo zum Beispill een Klimaschutzgesetz ëmsetzen, eppes wat de Mouveco scho méi laang gefuerdert huet.

De Mouvement Ecologique huet e Mëttwoch den Owend seng offiziell 50-Joer-Feier.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO