Bäi allen inhaltlechen Ausernanersetzungen, ass et haut onverständlech, datt d'Politik an der Zäit net dee Gestaltungswëllen hat, dee se hätt missen hunn, dat sot de laangjärege President vum Mouvement écologique Théid Faber en Donneschdeg de Moien, am Kontext vum Lancement vum Tram. Deen Tram huet fir de Mouvement écologique eng grouss symbolesch Bedeitung. Eng Visioun géif Realitéit. Eng Visioun vun engem anere Stadbild.
Et war net d'Politik mä de Mouvement, deen 1991 d'Iddi vun engem modernen Tram an der Stad lancéiert huet a carrément auslännesch Konstruktiounsfirmae vu sech aus ugeschriwwen huet, fir en Tram fir d'Stad ze plangen. Duerch vill Etuden, laang Diskussiounen an ëmmer nees nei Pläng vu Luxtraffic iwwer BTB a mobilitéit.lu sollt et um Enn 25 Joer daueren, bis datt de Projet Tram säi Wee gaang ass.
Vun 92 bis haut, dat wier e ganz laangen Dag, sou den Théid Faber. Déi ganz Entwécklung hätt eppes vun der Iechternacher Sprangprëssessioun gehat, mat vill Ausernanersetzungen, Polemik an deels och Ënnerstellungen. Donieft hätt et duerchaus och inhaltlech Diskussioune ginn, wat da lo déi bescht Variant fir Lëtzebuerg wier. Ob Train-Tram, e liichten Tram, oder oder. D'Eisebunnsverbindung vun der Gare op de Findel, déi ënnert anerem aus Käschtegrënn fale gelooss gouf. Mat der Zäit wier d'Diskussioun awer ëmmer méi calme gefouert ginn.
Politiker hätten och am Laf vun der Zäit hir Meenung geännert, sou den Théid Faber en Donneschdeg de Moien.
Lo fiert den Tram also an 3 Deeg. Den Tram ass och fir de Mouvement awer och nëmmen een Deel vun enger ganzer Mobilitéitsketten. An e stellt d'Politik virun en neien Defi. Fir datt d'Leit dat neit Verkéiersmëttel an Usproch huelen, misst garantéiert sinn, datt d'Offer klappt, datt d'Ëmklamme klappt. D'Qualitéit vum ëffentlechen Transport misst sech verbesseren an d'CFL hir deels systematesch Retarden ofbauen. Den Tram wier eng riseg Chance, déi ee misst ergräifen, mä anengems awer och e groussen Defi.
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war den Théid Faber, fréiere President vum Mouvement écologique.