Neijoerschpatt déi KonservativThein: Partei muss a Schluecht trieden, fir politescht a gesellschaftlecht Zil

RTL Lëtzebuerg
Zu Péiteng "A Rousen" huet sech déi nach jonk Partei "Déi Konservativ" fir hire Neijoerschpatt getraff.
© Déi Konservativ

Beim Nojoerschempfang, esou de Joe Thein, soll manner d'Politik, mä de Kontakt mam Bierger am Fokus vun der Partei stoen. An awer huet de President vun der Partei präziséiert, datt een "an d'Schluecht [trëtt] fir e politescht a gesellschaftlecht Zil, nämlech fir eng fräiheetlech, biergerlech a wäertegemeinschaftlech Societéit".

Et wéilt een trotz den Ufeindungen, Diskriminéierungen an de Liggegeschichte sech weider fir déi lëtzebuergesch Interessen asetzen. Et misst ee standhaft sinn géint aner Parteien an d'Medien, déi d'Fräiheeten a Rechter vun de Membere vun "Déi Konservativ" géifen attackéieren. "Loosst Iech net als "riets" a "béis" vernennen vun Deenen, déi souwisou op der falscher Säit vun der Guttheet stinn."

PDF: D'Ried vum Parteipresident

Back to Top
CIM LOGO