Nei Internet-Plattformtoussolidaires.lu: Aschreiwen, wann een Hëllef brauch an der Kris

Lynn Cruchten
D’Internet-Plattform gouf op Initiativ vun enger Kommunikatiounsagence aus der Stad lancéiert.
toussolidaires.lu
D’Internet-Plattform gouf op Initiativ vun enger Kommunikatiounsagence aus der Stad lancéiert.

Op der Websäit kann ee sech aschreiwen, wann ee wéinst der Corona-Kris Hëllef brauch, zum Beispill wat d’Besuerge vu Liewensmëttel oder Medikamenter ubelaangt.

Dernieft kann een awer och benevol Servicer ubidden. Sief et, fir eben Kommissioune maachen ze goen oder och Nohëllef-Course fir Schüler ze ginn.

Op der Internetsäit fënnt een awer och d’Donnéeën vu Supermarchéeën, Apdikten, Spideeler, Restauranten an Tankstatiounen erëm, déi grad opsinn, respektiv e speziellen Déngscht leeschten.

D’Plattform ass gratis a kéint och nom Confinement weider funktionéieren fir d’Leit, déi Ënnerstëtzung ubidden an déi, di der brauchen méi einfach beieneenzebréngen.

Back to Top
CIM LOGO