
13 Kierfechter an ee Bëschkierfecht zielt d’Stad Lëtzebuerg. D’Chiffere géifen awer weisen, datt d’Tendenz ëmmer méi a Richtung vun den Anäscherunge geet, huet d’Lydie Polfer betount an d’Chiffere vum Bëschkierfecht vun Zéisseng genannt.
“2014 hate mer do 5 Leit, déi begruewe gi sinn a vun 2017 u louche mer ëmmer iwwer 20. 2017 waren et 25, 2020 38 Leit an 2021 waren et 24 Leit. Dat ass also en Trend.”
D’Stad Lëtzebuerg huet 4 Parzellen op 12,5 Hektar zu Zéisseng. “Mat ronn 100 Beem, déi ausgesicht goufen, a mir sinn elo bei der zweeter Parzell. Déi 1. Parzell waren 29 Beem, déi sinn all fort. Déi 2. Parzell si 26 Beem, déi elo scho fort sinn, da bleiwen der nach 19. Déi 3. Parzell si 25 Beem an déi 4. sinn der 24. Mir hunn och do Plaz. Traditionell Kierfechter mussen net vergréissert ginn, de Bëschkierfecht schonn.”
De Moment géif et awer nach e Problem ginn a Punkto Accessibilitéit vum Bëschkierfecht. D’Stad Lëtzebuerg wier dowéinst an Diskussioune mat Ponts et chaussées, fir eng Léisung ze fannen, huet d’Lydie Polfer nach betount.