
Wéi et vun der Police heescht, wier d’Foussgängerin op enger Plaz iwwert d’Tramsschinne gaangen, wou kee Foussgängerwee gezeechent war. Éischten Erkenntnisser no huet d’Fra den Tram net gesinn ukommen, wouduerch dëse si liicht ze pake krut. Si gouf liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
Op der Plaz am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad.