RodangeTrickdéif klaut Affer Bankkaart bei Bankomat

RTL Lëtzebuerg
Passéiert ass dëst e Sonndeg den Owend géint 18 Auer an der Rue de l'Industrie.

Den Déif huet, nodeems d'Affer Suen opgehuewen hat, dëst drop opmierksam gemaach, datt Suen am Bankomat vergiess goufen. Dobäi huet den Onéierlechen der anerer Persoun zwee 10-Euroschäiner ginn. Méi spéit dunn huet d'Affer misste feststellen, datt d'Bankkaart geklaut gouf.

De Verdächtege war tëscht 30 a 40 Joer al, huet Franséisch geschwat, hat e Brëll wéi och eng khaki Jackett mat Kaputz un. D'Police hat nom Mann gesicht, konnt en awer net erëmfannen, eng Plainte gouf deposéiert.

Tipps, wéi ee sech virun Trickdéiwen u Bankomate schütze kann, fannt Dir um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO