PolitmonitorTrotz Corona bleift déi gréisste Suerg vun de Leit de Logement

Pit Everling
Caroline Mart
Wéi gerecht ass d'Gesellschaft? Wat sinn d'Suerge vun de Leit? Wéi eng politesch Moossname kommen un a wéi eng net?

Dat sinn d’Themen am drëtten Deel vum Politmonitor, deen TNS Ilres am Optrag vun RTL a Wort gemaach huet.

Politmonitor 3. Deel
Wéi gerecht ass d’Gesellschaft? Wat sinn d’Suerge vun de Leit? Wéi eng politesch Moossname kommen un a wéi eng net?

Ënner anerem fält op, datt och a Corona-Zäiten de Logement d’Suergekand Nummer 1 bleift.
Eng Steiermoossnam fält iwwerdeems komplett duerch. An zwar d’Ierfschaftssteier an direkter Linn. 75% vun de Befrote schwätze sech géint sou eng Mesure aus.

Anescht gesäit bei der Besteierung vu Verméigen aus, bei enger sougenannter Räichesteier, hei wiere méi wéi 60% dofir. Den Tommy Klein vun TNS Ilres:

Déi eenzeg Aart vu Steier, déi bei eise Propositiounen duerchkënnt, ass eng Räichesteier. Wat net duerchkënnt, ass eng generell Steiererhéijung fir jiddereen, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an och eng méi héich Besteierung vun de Betriber gëtt net als méiglech Léisung am Kontext vun enger Steierreform gesinn.

Interessant si gewëss kontradiktoresch Äntwerte beim Thema Ëmweltverschmotzung:

Et gëtt allgemeng eng Dispositioun zu Lëtzebuerg, gewëss ökologesch Richtungen ze ënnerstëtzen. Wann ech awer perséinlech betraff sinn a selwer muss Steiere matdroen, datt da meng perséinlech Dispositioun scho ganz anescht ausgesäit.

Sou wier zum Beispill just e gudden Drëttel vun de Leit fir eng Augmentatioun vu 5 Cent de Liter um Diesel a Bensin. Hei sinn iwwregens d’Wieler vun der grénger Partei am stäerksten en Faveur vun där Zort Mesure.

Och Corona spillt am Pro/Contra– Froeblock vun TNS Ilres eng Roll. 53% vun de Leit si géint eng obligatoresch Impfung vu vulnerabele Leit. 57% vun de Befrote sinn dofir, datt trotz der sanitärer Kris an de Schoulen normal soll Cours gehale ginn. Interessanterweis deele virun allem eeler Persounen dës Meenung.

Trotz Corona bleift d’Haaptsuerg vun de Bierger eng aner:

... an zwar den Accès zu bezuelbare Wunnengen, wann och de Corona-Dossier sech a villen anere Formen och weist, sief et bei Suergen ëm d’Wirtschaft, sief et allgemeng.

Wéi een Thema muss d’Politik also direkt an Ugrëff huelen a sech dorëms këmmeren? De Logement steet virun der Corona-Kris.

Däitlech gewuess ass iwwregens d’Suerg ëm d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. Eng vill manner grouss Roll wéi nach zejoert spillt awer den Trafic.

Ronn d’Hallschent vun de Leit sinn iwwregens der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg gerecht zougeet.

PDF Politmonitor (1., 2. an 3. Deel)

Back to Top
CIM LOGO