
Regional Ënnerscheeder, awer alles an allem keng gutt Recolte - dat war de Fazit zu Klengbetten, wou de Bilan vum Karschnatz gezu gouf. Schold ass natierlech de ville Reen deen zanter leschtem Hierscht gefall ass.
Deen hat en Afloss op d’Entwécklung vun de Planzen, awer och dorop, wéi d’Bauere konnte schaffen, wéini geséint a wéini recoltéiert konnt ginn. D’Meteo hat deemno en Impakt op d’Quantitéit an op d’Qualitéit beim “Produit du Terroir"-Broudweess, sou de Jean Muller, Direkter vun der Klengbettener Millen.
“Dat ass dat zweet Joer, wou mer wierklech eng ganz schlecht Recolte hunn. En normaalt Joer hu mer ongeféier 15.000 Tonnen. Dëst Joer si mer bei 9.000 Tonnen. D’lescht Joer ware mer bei 10.000 Tonnen. Dat heescht, dat sinn 30, 35 Prozent manner fir en normaalt Joer. An dat zwee Joer hannereneen.”
D’Wieder ass net dat eenzegt, dat de Baueren ze schafe mécht, dobäi komme ganz niddereg Weltmaartpräisser beim Weess an héich Produktiounskäschten. De Generaldirekter vum Verband Serge Turmes schwätzt vun enger defizitärer Situatioun:
“Och d’Nofro bei de Käre geet zréck. Dat huet drop zréckzeféieren, dass manner Fudder gebraucht gëtt, fir d’Béischten ze fidderen, well manner Véi einfach op der ganzer Welt am Moment gehale gëtt.”
Den Dünger wier zwar méi bëlleg ginn, awer net bëlleg genuch, an d’Sprëtzmëttel wiere méi deier ginn. A beim fiichte Wieder wier och net u manner sprëtzen ze denken, sou de Steve Turmes, Direkter vun der Kooperativ LGS.
“Weder fir d’Planzen am Feld gesond ze halen, wann et permanent naass ass. Nach herno beim Beezen, dat sinn och Planzeschutzmëttel, do mierke mir och deelweis Ënnerscheeder ouni Beez 40 Keimfäegkeet, mat Beez 86.”
Am Guttland a laanscht d’Musel, wou d’Biedem d’Waasser méi halen, war de Bilan méi schlecht wéi op de liichte Biedem am Éislek. D’Käre waren och net all d’selwecht betraff, sou de Günter Mertes, Direkter vun der Bauerekooperativ Bako.
“D’Hawer hat ons als robust Kultur richteg positiv iwwerrascht, an huet dat naasst Joer besser iwwerstanen als déi aner
Friichten, woubäi mer schonn umierke mussen, datt och net esou staark war wéi d’lescht Joer.”
Vu Säite vun der CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen war et de Bilan, datt een alles an allem mat engem blo Aen dovu koum.