
Den Daachverband vum Patronat d'UEL huet zanter dem 1. Januar 2018 an der Persoun vum Jean-Paul Olinger en neie Generalsekretär. De fréiere Partner bei KPMG huet mam Joreswiessel d'Successioun vum Nicolas Henckes iwwerholl.
De Jean-Paul Olinger huet um Dënschdeg de Moien, mat de Parlamentswahlen dëst an de Sozialwahlen d'nächst Joer, vun interessanten a wichtegen Zäite geschwat. D'Diskussioun iwwert de qualitative Wuesstem, déi ugestouss gouf, misst elo mat Courage ëmgesat ginn, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Fir de Jean-Paul Olinger ass dëst eng vun de grousse politesche Prioritéiten.
Fir den neie Generalsekretär vun der UEL gëtt et all Grond, déi aktuell Diskussioun optimistesch unzegoen. Hien huet an deem Kontext vun enger Opbrochstëmmung geschwat, engem Ruck, deen duerch d'Land gaange wier. Entrepreunership géif haut uewen op der Agenda stoen. Lëtzebuerg wier antëscht ganz innovativ. D'UEL selwer gesäit sech an der ganzer Diskussioun als Facilitateur op der Säit vun den Entrepreneuren.
Apropos Diskussioun: Dem Jean-Paul Olinger nofunktionéiert den Ament de Sozialdialog hei am Land, wann ee sech déi lescht puer Wochen ukuckt. Et hätt een eng Léisung fir d'52 Woche-Regel an de Pappecongé fonnt. Et hätt ee wuel verschidde Meenungen, mä d'Diskussioun géif awer funktionéieren.
Hausse Mindestloun: Sech dem reellen Impakt dovunner bewosst ginn.
Verschidde Meenungen gëtt et den Ament beim Thema Mindestloun.
Bei deem Sujet hält den neie Generalsekretär et mam Administrateur-délégué vun der UEL Jean-Jacques Rommes, dee sech scho géint eng Hausse den Ament ausgeschwat hat. Wie vun Hausse schwätzt, misst sech dem reellen Impakt dovunner bewosst sinn. Zum Beispill géifen d'Leeschtungen am Handwierk riskéieren, méi deier ze ginn, sou de Jean-Paul Olinger. Do géif sech d'Fro stellen, ob d'Residenten dann nach bereet sinn, dee Präis ze bezuelen. Et wier wuel wichteg, datt jiddereen zu Lëtzebuerg gutt liewe kann. Op Basis vun deem, wat haut gewosst ass, wier d'UEL sech awer net sécher, ob d'Erhéijung vum Mindestloun de richtege Wee ass, sot eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité en Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war deen neie Generalsekretär vun der "Union des entreprises luxembourgeoises".