
D'Persoun an der Camionnette war méi liicht verwonnt ginn.
Am Asaz waren de Sauvetage an Ambulanzen aus der Fiels, d'Ambulanz vun Dikrech, Pompjeeën aus der Ärenzdallgemeng, de Samu vun Ettelbréck an d'Police wéi och de Peloton-Chef aus der Fiels.

Da koum et géint 23.30 Auer nach zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen zu Nidderkuer an der Péitenger Strooss. 3 Persoune goufe blesséiert.