Gruppement vun de Lëtzebuerger MagistratenUerteel géint Murat Arslan ass net fondéiert

RTL Lëtzebuerg
De Gruppement vun de Magistraten appelléiert ënner anerem un déi national Politik an un de Mënscherechtsgeriichtshaff, am Fall Arslan z'intervenéieren.

Nodeems de leschte Freideg den tierkesche Riichter Murat Arslan a senger Heemecht zu enger Prisongsstrof vun 10 Joer veruerteelt gouf, reagéiert um Donneschdeg de Gruppement vun de Lëtzebuerger Magistraten, a kritiséiert dat Uerteel schaarf.

Et wier en Uerteel wat carrement net fondéiert wier.

De Gruppement vun de Magistraten appelléiert an deem Sënn un déi national, wéi europäesch Politik, an och un de Mënscherechtsgeriichtshaff, bei den tierkeschen Autoritéiten ze intervenéieren, fir politesch Gefaangener fräizekréien.

Well näischt anescht wier den Arslan, deen 2017 de Mënscherechtspräis vum Conseil de l’Europe krut.

Hie gouf an der Suitte vum mëssgléckte Putschversuch 2016 verhaft, an no laange Verhandlungen an engem Prozess, deen alles wéi net richteg verlaf wier, e Freideg also veruerteelt.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO