„Mir sinn op engem gudde Wee, an ech mengen och, dass mer gutt opgestallt sinn...“. Dat sot de Guill Kaempff um Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De President vum Stater Geschäftsverband ass iwwerzeegt, dass virun allem de Royal Hamilius, mat der Galerie Lafayette derzou féieren wäert, dass d’Uewerstad nach méi attraktiv als Shopping-Plaz gëtt. Et wier eng Plaz, wou jiddereen eppes ka fannen, mat enger gudder Mixitéit vu Mëttelmarken, also net just Luxus-Shopping.
Wat den Tram-Chantier ugeet, mengt de Guill Kaempff net, dass dësen derzou féiert, dass verschidde Butteker missten zou maachen.
D’Membere vum Geschäftsverband wiere gutt informéiert a géifen och gutt ënnerstëtzt ginn.
Et wier och eng Enveloppe virgesinn un Entschiedegungen, fir eenzel Geschäfter, déi direkt um Tracet leien, an deemno am meeschten vum Tramschantier beaflosst sinn. Iwwert d’Montante géif e Comité decidéieren, a Funktioun vum Recul vum Ëmsaz.
Eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie war de President vum Stater Geschäftsverband.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.