Kläpperei op VältesdagUgeklote plädéieren op Noutwier, respektiv op Fräisproch

RTL Lëtzebuerg
Um Ufank vun der Sëtzung hate 7 vun den am Ganzen 8 Beschëllegte Schuedenersatz an Héicht vun 250 bis 20.000 € gefrot.

Op Noutwier an op Fräisproch hunn um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht d'Affekote vu 4 Ugekloten an déi 4 aner Beschëllegt am Prozess ëm eng Kläpperei, op Vältesdag 2016, virun enger Disko an der Stad plädéiert. Dora ware jo 3 Polizisten an Ex- oder nach-Zaldote verwéckelt. E Mëttwoch waren d'Ugeklote bei hiren ënnerschiddlechen Aussoen zur Kläpperei bliwwen. D'Polizisten haten erkläert, si wären an der 1. Phas vun der Ausenanersetzung agresséiert ginn, iwwerdeems d'Ex- oder nach-Zaldote betount haten, an der zweeter Phas wäre si ugegraff ginn. En Donneschdeg de Moien war virun allem den Affekot vun engem Polizist rosen.

Geriicht: Kläpperei mat Polizisten an Zaldoten / Eric Ewald

Fir de Me Rosario Grasso wär d'Enquête vun der Police nämlech zu Laaschte vun de Poliziste gemaach ginn. Dëse Prozess sollt dann och dozou déngen, Zitat, "fir Polizisten der laanscht d'Läffelen ze ginn"! Weder d'Generalinspektioun vun der Police IGP, nach de Parquet hätten neutral a fair gehandelt. Dobäi hätte sech d'Poliziste bei der Kläpperei méi wéi korrekt verhalen. Och dem Me Olivier Unsen no, Affekot vun engem zweete Polizist, géif et gréisser Zweiwelen doru ginn, dass d'Kläpperei sech sou ofgespillt huet, wéi d'Géigesäit et duergestallt huet. D'Polizisten hätte wuel och kee Sträit gesicht, well si an Ënnerzuel waren. De Me Philippe Penning, Affekot vum 3. Polizist, huet nach ervirgehuewen, dass säi Mandant vun de Kontrahenten als dee rouegste vun de Poliziste beschriwwe gi wär. Deen hätt och net drageschloen, ma wär selwer blesséiert gewiescht. Dogéint huet d'Me Asselbourg, Affekotin vun engem vun den anere Beschëllegten, gemengt, déi aner Affekote géife probéieren, d'Affär ze minimiséieren. Et wär awer relativ vill Gewalt am Spill gewiescht. Déi 4 aner Ugekloten, déi ouni Affekot ugetruede sinn, hu fir sech selwer de Fräisproch an dëser Affär gefrot, well och si aus Noutwier eraus gehandelt hätten.

Um Ufank vun der Sëtzung haten iwwregens 7 vun den am Ganzen 8 Beschëllegte Schuedenersatz an Héicht vun 250 bis 20.000 € gefrot.

Dëse Prozess kënnt e Freideg mam Requisitoire vun der Vertriederin vum Parquet op en Enn.

Kläpperei mat Polizisten an Zaldoten: 8 Männer musse sech veräntweren

Back to Top
CIM LOGO