Hausvisitten aus Tréierer BordellUgeklote soen aus, näischt vun Illegalitéit gewosst ze hunn

Diana Hoffmann
En Dënschdeg de Mëtten ass am Appell de Prozess ugaangen, bei deem sech 6 Persoune musse veräntwerten, déi am Bordell "Pearls-Club" geschafft hunn.

Wéinst Prostitutioun, Mënschenhandel a Blanchiment musse sech 6 Persoune virum Stater Geriicht veräntwerten. Dorënner 3 Fraen, déi am deemoolege Pearls-Club an der Gestioun geschafft hunn, an dräi Chauffeuren, déi awer net viru Geriicht erschénge sinn. Op d’mannst 5 Joer laang goufe vum Pearls-Club aus Hausvisitten organiséiert, bei deenen d’Sexaarbechterinnen och an de Grand-Duché bei Freier bruecht gi sinn. 2018 war et an deem Kader zu enger éischter Verhaftung vun engem vun de Chauffeure komm.

Genau sou wéi an éischter Instanz, bleiwen déi ugeklote Frae bei hirer Ausso, net Bescheed gewosst ze hunn, dass Hausvisitten zu Lëtzebuerg illegal wieren. Eng vun de Frae sot, et hätt de Service scho ginn, wou si do ugefaangen huet ze schaffen. Deemno hätt si sech keng Froe gestallt. De Riichter huet eng aner Ugekloten drun erënnert, dass si 2013 op d’Gesetzeslag zu Lëtzebuerg higewise wier. Dat nodeems eng Limousine mat der Opschrëft Pearls-Club op der Aire de Wasserbillig placéiert gi war, fir Reklamm ze maachen.

D’Verdeedegung huet, wéi schonn an éischter Instanz, drop higewisen, dass jorelaang Reklamm fir de Club hei am Land gemaach gi wier. Ënner anerem an engem Annoncëblat, um Radio an de Futtballclub RM Benfica Hamm war vum Etablissement gesponsert. Dass d’Autoritéiten dës Reklammen toleréiert hätten, géing hinnen och eng Matschold un der Onwëssenheet vu senger Mandantin ginn.

An éischter Instanz waren 2 vun de Fraen, déi a Féierungspositioune solle gewiescht sinn, zu 18 Méint Prisong mat integralem Sursis verurteelt ginn. Eng vun hinnen ass haut d’Proprietärin vum Bordell, dee si ënner engem aneren Numm féiert. Eng weider Fra, déi am Accueil geschafft huet, gouf zu 12 Méint Prisong mat integralem Sursis verurteelt. Déi dräi Chauffeure kruten eng Strof vu 6 Méint Prisong, och mat integralem Sursis.

Net um Prozess dobäi war ugangs zejoert awer den Haaptresponsabelen a laangjärege Proprietär vum Bordell. Däitschland hat hei eng Ausliwwerung refuséiert. Den Affekot hat dëst vis-à-vis vum “Wort” esou erkläert, dass alles, wat sengem Mandant reprochéiert géing ginn, an Däitschland passéiert wier, an de Mann déi däitsch Staatsbiergerschaft hätt.

En Ëmstand, deen d’Verdeedegung am Appell och wëllt fir sech notzen. Den Affekot huet drop higewisen, dass an Däitschland d’Prostitutiounsschutzgesetz existéiert. Wann d’Prostitutioun an deem gesetzleche Kader passéiert, ass se do net illegal. Zuhälterei, also Exploitatioun, wier souwuel an Däitschland, wéi och hei am Land verbueden. Ma am Bordell wier alles legal ofgelaf. Och Mënschenhandel kéint net zréckbehale ginn. D’Sexaarbechterinne wieren zwar zu Lëtzebuerg um Flughafen ofgeholl ginn, mee se wiere fräiwëlleg komm. Se wieren och legal an Däitschland ugemellt gewiescht an hätten dono am Bordell ënner Kontrakt geschafft.

Kënnt de Volet vun den Hausvisitten hei am Land dobäi, dee per lëtzebuergeschem Gesetz illegal ass. Vun dëser Illegalitéit wëllen déi dräi ugeklote Fraen och am Appell näischt gewosst hunn. Déi éischt Fro vum virsëtzende Riichter u si war ëmmer, wisou se an Appell gaange sinn. D’Äntwert: Well se sech ongerecht behandelt fillen. D’Roll, déi si bei der Gestioun vun dem Bordell gespillt hunn, wier net déi gewiescht wéi duergestallt. D’Aarbecht där si nogaange sinn, wier legal gewiescht an dem däitsche Gesetz no konform.

Back to Top
CIM LOGO