Prozess ëm gefälscht PabeierenUgekloten huet zwou Fraen illegal op Lëtzebuerg bruecht

RTL Lëtzebuerg
An engem Prozess goung et ëm gefälschten Dokumenter, souwuel den Usage vu falschen Nimm wéi och vu Gebuertsdatumer.
© RTL-Archivbild

Mat falsche Gebuertsschäiner goufen dann ënner anerem falsch Päss a Visaen ausgestallt Ugeklot ass e 44 Joer ale Mann aus Guinea-Bissau. Him gëtt reprochéiert, Dokumenter vun 2 jonke Frae gefälscht ze hunn, fir dass si kéinten op Lëtzebuerg kommen. Vu sengem eegene Kand huet hie méiglecherweis och de Gebuertsdatum op offiziellen Dokumenter ëm ee Joer gefälscht.

Prozess ëm gefälscht Pabeieren / Reportage Diana Hoffmann

Wéi genee de Lien vun den 2 jonke Fraen, déi di falsch Nimm Angelina an Angela kritt haten, zum Ugeklote war, ass net ganz kloer ginn. Och net wat d’Grënn waren, fir hinnen e falschen Alter ze ginn. Warscheinlech fir si méi liicht op Lëtzebuerg ze kréien als Mannerjäreger. Wisou si op Lëtzebuerg komm sinn oder geschéckt goufen, war weder vum Ugekloten nach vun de Concernéierte selwer gewuer ze ginn. “Fir eng besser Zukunft ze hunn”, hu si gesot. Eng vun de jonke Fraen, déi haut 19 Joer al ass, huet gemengt, den Ugekloten hätt dat gemaach, fir vun der Allocatioun familiale ze profitéieren. Den Ugekloten hätt sech dann och nom Doud vu senger Fra net ëm seng 2 biologesch Kanner gekëmmert. Dat hätt si an d’Angelina misste maachen, obwuel dem Ugeklote seng Mamm extra dofir op Lëtzebuerg komm wier.

Vun Allocatioune fir d’Angelina an d’Angela huet den Ugekloten dann tëscht 2015 an 2019 profitéiert. D’Zukunftskeess freet elo awer als Partie civile Allocatiounen an Héicht vu ronn 40.000 Euro zréck.

De Prozess ass op 4 Deeg ugesat.

Vun en Donneschdeg u wäert et am Prozess dann och ëm Viol goen. Dem Ugeklote gëtt reprochéiert, eng vun de jonke Frae vergewaltegt ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO