"Séier reagéiert"Ukrainesch Flüchtlinge bei Famill zu Miersch opgeholl

Lynn Cruchten
Zënter e Samschde sinn d’Elteren an d’Groussmamm vum Lilia Thomashchuk zu Lëtzebuerg. Elo wunnt een zu fënneft am Haus zu Miersch.
Ukrainesch Flüchtlinge bei Famill zu Miersch opgeholl
Zënter e Samschde sinn d’Elteren an d’Groussmamm vum Lilia Thomashchuk zu Lëtzebuerg. Elo wunnt een zu 5 am Haus zu Miersch.

“Mir hate Chance, datt mir sou fréi reagéiert hunn”, seet de Michel Sinner vu Miersch. Zesumme mat senger ukrainescher Partnerin huet hien dräi Familljememberen, déi bis virun dräi Deeg nach an der Ukrain gelieft hunn, bei sech doheem opgeholl. D’Liewe vun hinnen all gouf duerch de Krich komplett op d’Kopp geheit. Nach ass onkloer, wéi et weidergeet.

Si gehéieren zu den éischten ukrainesche Flüchtlingen, déi hei am Land ënnerkomm sinn. Zënter e Samschde sinn d’Elteren an d’Groussmamm vum Lilia Thomashchuk zu Lëtzebuerg. Elo wunnt een zu fënneft am Haus zu Miersch. Eng Ëmstellung fir jiddereen, an eng ongewëss Zukunft.

Lilia THOMASHCHUK, Ukrainerin, zanter Juli 2019 zu Lëtzebuerg: “Fir de Moment hunn ech keng Anung. Mir kucke lo mol, hinnen dat néidegst ze organiséiere, wéi zum Beispill Kleeder, well si hu kaum eppes matbruecht.”

Michel SINNER: “Ech hu lo héieren, datt den nächsten Donneschden anscheinend eng europäesch Regulatioun soll erauskommen, wéi d’Flüchtlingen aus der Ukrain sollen alleguer d’selwecht behandelt ginn. Mir wollte lo mol ofwaarden, wat do konkret geholl gëtt an da kucke mer och, wat mer vu Mesuren hei zu Lëtzebuerg kënnen ufroen, fir deene Leit lo virunzehëllefen.”

Déi dräi hu scho virun zwou Wochen hir Wunneng am Nordoste vun der Ukrain verlooss a sech bannent dem Land a Sécherheet bruecht.

Michel SINNER: “Si kommen u sech vu Kharkiv a mir hunn eis Suerge gemaach, wéinst de russeschen Truppebeweegungen. An do hu mir ganz kuerzfristeg decidéiert, se an de Weste vun der Ukrain ze huelen. Mir wollte se hannert d’Karpaten setzen, well mer gehofft hunn, datt d’Russen do taktesch net kéinten eriwwer kommen.”

Scho Mëtt Februar goung et fir déi dräi Ukrainer mam Zuch iwwer 1.500 Kilometer op Muchachevo an e Locatiounshaus. Um Dag vun der russescher Militärinvasioun leschten Donneschden gouf du séier gehandelt, fir direkt Freides moies mam Bus op Kosice an d’Slowakei ze fueren. A vun do aus goufe si mam Auto vum Michel Sinner a senger Partnerin mat op Lëtzebuerg bruecht.

Michel SINNER: “Mer hunn de Problem, datt menger Partnerin hir Groussmamm quasi blann ass an d’Elteren och keng aner Sprooche schwätzen. Dat heescht den eenzege Choix, dee mer haten ass, mir hunn eis an den Auto gesat a mir hunn decidéiert, déi 3.000 Kilometer hin an zréck ze fueren, fir se sichen ze goen.”

D’Schwëster vum Lilia ass allerdéngs ëmmer nach mat hirem Frënd zu Charkiv - an där Stad, déi dauernd ënner Beschoss steet.

Lilia THOMASHCHUK: “Si sinn an engem Privathaus a verstoppe sech momentan do am Keller. Si soe se hätte momentan nach genuch Iessen a Waasser an och Holz fir ze hëtzen. Meng Schwëster seet dauernd et wier ok, mee ech maache mer Suergen, well ech an den Noriichten héieren, dass d’Butteker ëmmer manner Iesswueren hunn.”

Den Ament ze versichen ze flüchten, wier awer keng gutt Optioun, well d’Stroossen onsécher wieren. Do si sech d’Gesëschter eens. Et steet een a permanentem Kontakt, fir ze kucken, wéi et viru geet.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO