
5313 nei Dossiere koumen zejoert bei der ULC derbäi, 121 méi ewéi 2019. Dernieft wieren am Pandemie-Joer bedeitend méi Appeller a Mailen traitéiert ginn, soten déi Responsabel e Freideg de Moie virun der Press.
Bei de Sujeten, déi bei der ULC uewe leien, stécht zum Beispill d'Sammelklo eraus. Do léich zënter engem Joer e Gesetzprojet um Dësch, ma zënterhier hätt déi zoustänneg Chamberkommissioun kee Fanger kromm gemaach, bedauert de President vum Konsumenteschutz, Nico Hoffmann.
D'ULC ass der Meenung, datt um genannte Gesetztext muss gefeilt ginn, sou misst zum Beispill de Jugement de recevabilité an alle Fäll public gemaach ginn. Da bestinn och Onkloerheete beim Finanzement vun de Sammelkloen. D'ULC kéint op alle Fall d'Prozeduren net alleguer virfinanzéieren, sou den Nico Hoffmann, deen op där Plaz d'Schafe vun engem ëffentleche Fong fuerdert.
Aner Dossieren, déi fir de Konsumenteschutz am Moment vu Bedeitung sinn, sinn déi horrend Logement-Präisser, negativ Zënsen op de Banken, d'Kafkraaft vun de Leit oder nach d'Reform vum Adapto-Service.