
Eng éischt Schnéifoto krute mer vu Léiler erageschéckt.
D'Streeween sinn dann och op den Autobunne scho fréi um Samschdeg de Moien am Asaz gewiescht.

Besonnesch op den Éisleker Koppen war de Schnéi um Dill. Vill Leit, déi scho vu Wanter- op Summerpneue gewiesselt haten, war dat wuel eng manner schéin Nouvelle.

Zu Eschduerf war dëse Weekend déi nach eenzeg Biergcourse hei am Land. D'Autoen an d'Zelter haten um Samschdeg de Moien och e liichte Schnéi-Flom .
