D’Kanner konnte vun enger Rëtsch Ateliere profitéieren, dorënner e Laser-Tag Stand an eng Seelbunn. Donieft goufen et och eng Rei Demonstratioune vun der Hondsstaffel, de Spezialunitéiten an dem Self-Defense Club Police Grand-Ducale. Et wier eng Mëschung aus verschiddene Kampssportaarten, erkläert de President Marcel Steffen. Dofir géif een och net bei Kompetitioune matmaachen. Et géing einfach drëm, fir de Leit ze weisen, wéi ee sech an enger Noutfall-Situatioun, wou een agresséiert gëtt, verhält. Et sollt een de Konflikt an éischter Linn ëmmer probéieren ze evitéieren, esou de Marcel Steffen, an deem een de Porte-Monnie oder Handy opgëtt. E Liewe wier awer ëmmer méi wichteg wéi déi perséinlech Géigestänn. Ma wann et dorop ukënnt, misst ee sech awer kënne wieren.
Bei engem inzeenéierten Autosaccident mat Fahrerflucht haten d’Kanner d’Méiglechkeet, de Fall selwer ze Léisen an de schëllege Chauffer unhand vu senge Fangerofdréck ze identifizéieren.
Nieft der Police waren iwwerdeems och d’Arméi an de CGDIS, grad wéi Police-Equippen aus der Groussregioun dobäi. Den Dag vun der Police soll d’Villsäitegkeet vun der Beruffer an der Police rëmspigele an och eng Ulafstell bidde fir déi, déi bei d’ Police wëlle schaffe goen.
“Et ass flott datt ee mol gesäit wat hannert de Kulisse leeft, well normalerweis ass ee jo net involvéiert ausser et ass een involvéiert”, laacht ee Visiteur. Et wier och interessant Erklärunge vun der Taucher-Staffel ze kréien, mengt nach een Aneren.